arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Lëtzebuerg tendéiert méi op déi franséisch Säit

EU-REAKTIOUN OP US-TAXEN

|
headphones

3 min

Xavier Bettel: Lëtzebuerg tendéiert méi op déi franséisch Säit

D’Handelsministeren aus de 27 EU-Länner beroden doriwwer, wéi eng adequat europäesch Entwert op dem Donald Trump säi Bréif soll ausfalen. D’EU muss méi Force weisen, seet de franséische Minister Laurent Saint-Martin. De Xavier Bettel gëtt him Recht, mat Nuancen.

headphones

3 min

Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur | © Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur
Xavier Bettel (Foto: Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur)

D’Fro, wéi soll d’EU op de Bréif vum Donald Trump reagéieren, steet am Mëttelpunkt vun den Diskussioune vun de Handelsministeren aus de 27 EU-Länner op hirer Reunioun zu Bréissel.

No der Annonce vum amerikanesche President Donald Trump, vum éischten August un 30 Prozent Douanestaxen op europäesch Produiten ze erhiewen, hat d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen gëscht ugekënnegt, d’EU géif hirersäits déi schonn decidéiert Géigemesurë bis Uganks August aussetzen.

Kritik un der europäescher Approche

Et soll een “d’Kommissioun ënnerstëtzen” an “eng Unitéit weisen”, kommentéiert de Xavier Bettel déi europäesch Strategie.

Et héiert een awer beim Lëtzebuerger Ausseminister, deen an der Regierung och fir den internationalen Handel zoustänneg ass, duerchaus Kritik un der Approche vun der Europäescher Kommissioun eraus.

D’EU-Kommissioun ass an der Europäescher Unioun responsabel fir deen Dossier a féiert deemno och d’Verhandlunge mat den USA.

De Xavier Bettel widerhëllt dat, wat hie schonn am Abrëll sot: “Wa mer net negociéieren, gi mer gekillt a wa mer schwaach si, gi mer gefriess”. Hie seet och:

"Ech hu ganz oft d'Gefill, dass mir an der Defensiv sinn. Dat heescht, dass mir reagéieren an net Initiativen huelen."

Den zoustännegen EU-Kommissär Maros Sefcovic sot virun der Reunioun e Méindeg de Moien zu Bréissel, d’Kommissioun géif de Memberlänner nei preparéiert Mesurë presentéieren.

Et wier elo wichteg ze wëssen, datt déi zweet Lëscht vu Mesuren net nëmmen am Kapp ma prett um Pabeier ass. An datt d’USA dat och wëssen, seet dozou de Xavier Bettel.

Taxen op amerikanesch Servicer: Eventuell ee Problem fir Lëtzebuerg

Och hei ass de Lëtzebuerger Ausseminister net 100 Prozent zefridden. Et misst een “weisen, dass et och 27 Länner geet, net nëmme just 1 oder 2”, esou säi Constat.

Bis elo stounge sech ënnert den EU-Länner virun allem d’Meenunge vun Däitschland a Frankräich entgéint.

Den delegéierte franséische Minister fir de Aussenhandel war de Moien deen, de mat am däitlechsten eng méi staark europäescher Positioun gefrot huet. D’Kommissioun hätt Recht, wa se virun negociéiere wëllt , ma Europa misst d’Force vu sengen Äntwerten däitlech weisen, sou de Laurent Saint-Martin.

Op d’Fro, ob Lëtzebuerg méi zur franséischer ewéi zur däitscher Säit tendéiert, äntwert de Xavier Bett kloer mat “Jo”. “Mir produzéiere keng Autoen”, seet hien och nach.

Et gëtt awer vläicht och ee Punkt, wou Lëtzebuerg manner forsch, ewéi Frankräich wëll virgoen. D’EU misst nieft den Douanestaxen op amerikanesch Produkter och iwwert Taxen op Servicer diskutéieren, sou de Laurent Saint-Martin. Dat Läscht, esou de Xavier Bettel, kéint méi problematesch fir Lëtzebuerg sinn.