Aus EU-Kreesser heescht et, de Sommet wier viraussiichtlech en Donneschdeg zu Bréissel.
Hannergrond ass d‘Annonce vum Donald Trump, fir vu Februar un 10 Prozent méi Douanes-Taxen op d‘Importer aus verschiddenen europäesche Länner ze erhiewen, esou laang déi sech géint eng Vente vu Grönland un d‘USA wieren.
Verurteelung vum Trump sengen Aussoen - Och vu Lëtzebuerg
Dës Annonce gouf vu sämtlechen EU- an NATO-Member verurteelt, och vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. An engem Statement seet hien, dem Trump seng Menacë géifen der transatlantescher Relatioun schueden.
D‘Lëtzebuerger Regierung hätt bei den Diskussiounen ëm Grönland ëmmer betount, datt d‘Souveränitéit an déi territorial Integritéit misst respektéiert ginn. Et wier net un den USA, fir iwwer aner Länner ze decidéieren, esou de Xavier Bettel. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel betount och, datt d‘Sécherheet an der Arktis-Regioun am Kader vun der NATO zesumme misst diskutéiert ginn.
Wéi kéint d'EU äntwerten?
Als méiglech Reaktioun vun der EU steet am Raum, datt de geplangten Handels-Accord mat an den USA bis op Weideres net ratifizéiert gëtt. Doduerch géifen am Februar europäesch Géigentaxen a Milliardenhéicht op Produiten aus den USA fälleg ginn.