Dat gëllt och fir déi 15 Prozent Douanestaxen, déi op europäesche Produite gëllen, schreift déi däitsch Noriichtenagence DPA, a berifft sech op Regierungsbeamten.
Si hätten den neien Ament mat de Wierder kommentéiert, datt ee sech méi Zäit wéilt loossen, fir déi nei Reegelen ëmzesetzen.
D'Wäisst Haus huet nach eng nei Lëscht publizéiert mat Tauxen, déi fir déi Länner gëllen, mat deenen et nach keen Accord gëtt. Zu de Länner, déi am stäerkste betraff sinn, gehéiert virun allem Brasilie mat 50 Prozent. Dobäi kënnt och d'Schwäiz mat 39 Prozent a Kanada mat 35 Prozent Taxen.
Weider Detailer mat eisem Brasilie-Korrespondent Jean-Claude Gerez