Ënnert anerem dierf den Nicolas Sarkozy net a Kontakt mam Justizminister Gérald Darmanin kommen. De franséische Parquet General hat d'Paräisser Cour d’Appell gefrot de fréiere Staatspresident nees fräi ze loossen.
Appellprozess eréischt d'nächst Joer
Den Nicolas Sarkozy war an éischter Instanz zu enger Prisongsstrof vu 5 Joer verurteelt ginn. Dat wéinst der Affär em de Finanzement vu senger Walcampagne mat Hëllef vu libesche Gelder. Bis zu senger provisorescher Fräiloossung ënner Oploe war hien 20 Deeg inhaftéiert.
Mam Ufank vum Appellprozess gëtt am Fréijoer 2026 gerechent.