Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Art d'Ecco - The Traveller

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsbildung – e politesche Balance-Akt  

Korrespondenz vu Berlin

Regierungsbildung – e politesche Balance-Akt  

An Däitschland wäert de Kanzlerkandidat vun CDU/CSU, de Friedrich Merz, mat der Bildung vun enger neier Regierung beoptraagt ginn. Dem Walresultat no ass kloer: Schwarz-Rout ass rechneresch méiglech. D’Danièle Weber an de Matthias Kirsch, déi d’Bundestagswal zu Berlin suivéiert hunn, kucken op dee Walkampf zeréck an op dat wat ze erwaarden ass.

auto_stories

4 min

headphones

10 min

Scholz (SPD) a Merz (CDU)  | © Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer play_arrow
Scholz (SPD) a Merz (CDU) (Foto: Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

D’Wal gewonn, mee “just” 28,5 Prozent vun de Stëmmen. Manner wéi geduecht. Fir eng Koalitioun mat just de Grénge geet et dowéinst net méi duer. Mee och souguer fir mat der SPD net méi. Dofir gëtt et een entscheedende Faktor: Kënnt d'BSW finalement an de Bundestag oder net? Déi kleng Partei kraazt un der 5-Prozent-Grenz. 

Fir d’Unioun ass d’Rechnung ganz einfach: Wann d’BSW net an d’Parlament kënnt, da geet et fir eng Schwaarz-Rout-Majoritéit duer. Wann d’BSW awer rakënnt, dann huet Schwaarz-Rout keng Majoritéit méi, da brauch d’Unioun eng drëtt Partei. An dat kënne just déi Gréng sinn, wëll mat AfD a die Linke schafft d’Unioun net, a mam BSW éischter och net.

Wéi steet d’SPD zu enger Koalitioun mam Friedrich Merz?

Et gi grouss politesch Ënnerscheeder tëschent béide Parteien. An eent ass sécher: D’Basis vun de Genossen a Genossinnen huet keng Loscht op d’Persoun Friedrich Merz. Hien huet do ze vill Attacken am Walkampf gestart. Wéi zum Beispill, deen Dag op deem e sot hie géif keng Politik fir “linke und grüne Spinner” maachen.

Hie grenzt sech an den Ae vu villen net kloer genuch no riets of. Wat seng lescht Aktioun am Bundestag weist, bei där hie fir eng Resolutioun ofstëmmen ze loossen, mat der AfD zesummegeschafft huet. De Friedrich Merz ass een, dee vu ville méi ewéi skeptesch ugesi gëtt.

D’Partei kann trotz hirem schlechte Resultat an de Verhandlunge mat der CDU den Hiewel usetzen. D’SPD kéint hei däitlech Fuerderunge stellen. Mee och fir d’SPD ass den Drock an déi Koalitioun ze goe grouss, wéinst dem Besoin séier eng nei Regierung op d’Been ze stellen.

Keng Koalitioun mat der AfD – Trotzdeem e Walgewënner?

Wat déi réng Zuelen ugeet, ass d’AfD natierlech eng vun de Gewënnerinne vun dëser Bundestagswal. Si hunn hiert Resultat vun 2021 quasi verduebelt. Si si mat bal 21 Prozent vun de Stëmme ganz eendeiteg zweetstäerkste Kraaft a wäerte mat iwwer 150 Deputéiert och eng enorm grouss Fraktioun am Bundestag stellen.

Am Virfeld vun de Walen gouf vill vum Rietsruck geschwat. Deen ass eendeiteg agetrueden. D’AfD huet iwwer 10 Prozentpunkte bäi geluecht, an den ostdäitsche Bundeslänner krut d’AfD tëscht 36 an 38 Prozent vun de Stëmmen. Dat sinn enorm héich Resultater, just d’CSU a Bayern kënnt bal op deen Niveau. Et bréngt der AfD am Moment näischt, well si keng Regierungsverantwortung kréien, mee hir Spëtzekandidatin Alice Weidel sot, wéi viru 4 Joer och schonn, si an hir Partei géifen déi aner joen, fir datt tatsächlech e Politikwiessel géif antrieden.

Grouss Iwwerraschung: Die Linke

D’Spëtzekandidatin Heidi Reichinnek kann op eng grouss Fangemeinschaft zielen. De Verglach zu SPD ass intressant. Bei der SPD gouf am Fong och probéiert iwwert déi nämmlecht Inhalter ze schwätzen: Héich Loyeren, ze niddereg Pensiounen, etc... Mee die Linke hunn et méi iwwerzeegend eriwwer bruecht. Wat natierlech och dru läit, datt d’Partei net, wéi d’SPD an de leschte Joerzéngten an der Regierung war, an dofir bei deem wat si proposéieren, och net esou op déi reell Politik oppasse mussen.

Wat wuel och den Ausschlag fir den Opschwong ginn huet, dat war dem Friedrich Merz seng Aktioun am Bundestag Enn Januar, zesumme mat der AfD eng Resolutioun ofstëmmen ze loossen, dono sinn d’Wäerter an den Ëmfroen enorm an d’Luucht geschoss. Zéngdausenden néi Membere sinn agetrueden. Elo zielt die Linke iwwer 90.000 Memberen, esou vill wéi nach ni.

Wéi geet d'Regierungsbildung elo weider?

De Friedrich Merz huet gëschter Owend e puer Mol kloer gesot: Et soll séier goen. Hien huet souguer e konkreten Zäitplang genannt: bis Ouschtere soll déi nei Regierung stoen. Dat sinn 8 Wochen, dat ass zwar sportlech, mee et ass net onrealistesch. Och hei hänkt vill dovun of, ob zwou oder dräi Parteien involvéiert sinn. Mat dräi Parteie gëtt et natierlech méi schwéier, sech eens ze ginn.

Eng Prioritéit vum Friedrich Merz ass ganz kloer déi, datt Däitschland nees soll deelhuelen un de wichtegen Decisiounen, virun deenen Europa an dësen Deeg a Woche steet. Dat heescht konkret: Zesumme mat de franséischen a brittesche Staats- a Regierungscheffe fir Europa schwätzen an den USA ze verstoe ginn, datt de Kontinent zesummesteet. Däitschland war wéinst dem Walkampf an de leschten Deeg net sou present, domat soll et méiglechst schnell eriwwer sinn.

Lauschterenplay_arrow