D’Slowakei hat sech géint dee Pak gestäipt, wéinst geplangte Sanktiounen, déi den Import vu russeschem Gas betreffen. Déi Mesuren hunn am Fong geholl näischt mam neie Sanktiounspak ze dinn. Mee de slowakesche Premier Robert Fico huet säi Vetorecht genotzt, fir den Hiewel unzesetzen, beim geplangte Phase Out vu russeschem Gas.
Slowakei krut Garantië vun der EU-Kommissioun
D’EU plangt den Import vu Gas aus Russland ze verbidden, do huet d’Slowakei ee Problem domat. Dat wier ekonomesch net ze stemmen, dorop hat de Robert Fico an de leschte Wochen ëmmer nees gepocht. Hien huet finanziell Ënnerstëtzung fir säi Land gefuerdert.
Elo schéngt hie vun der Europäescher Kommissioun schrëftlech eng Zort Garantie kritt ze hunn, datt hie keng finanziell oder ekonomesch Konsequenze vun engem Verbuet vu russeschem Gas ze fäerte brauch. Méi Detailer iwwert een eventuellt Ofkommes tëscht der EU-Kommissioun an der slowakescher Regierung sinn nach net offiziell bekannt.
Datt et dozou koum, stéiert de Lëtzebuerger Ausseminister net. Et wier wichteg ze weisen, datt souguer wann een heiansdo national Suergen huet, et awer europäesch Léisunge gëtt, sou de Xavier Bettel (DP) um Freideg zu Bréissel géintiwwer der internationaler Press. Si kéint keng Detailer iwwert eventuell Zougeständnisser fir d’Slowakei ginn, dat sot déi dänesch Ministerin fir europäesch Affaire Marie Bjerre.
Allgemeng war d’Erliichterung ze spieren, datt ee sech eens gouf. De Pak wier extrem ambitiéis, hält de franséische Minister fir Europa Benjamin Haddad fest.
Präisdeckel war ëmstridden
Och Malta, Griicheland an Zypern hate Bedenke géint de geplangte Präisdeckel op russeschem Pëtrol. Si hu gefaart, datt hir Schëffsentreprisë kéinten Nodeeler hunn, wann den Deckel ze staark erofgesat gëtt. Als Kompromëss gouf elo festgehalen, datt déi iewescht Limite fir de Präis reegelméisseg ugepasst gëtt.
Nieft engem Präisdeckel fir Pëtrol gehéieren zum neie Sanktiounspak eng ganz Partie Mesurë wéi een Importverbuet fir raffinéiert Produiten aus russeschem Pëtrol.
Ee Verbuet vu Finanztransaktioune mat Entreprisen aus Drëttlänner, déi d’Sanktiounen ëmginn, da ginn eng ganz Partie weider Schëffer op d’Lëscht vun deene gesat, déi net dierfen an europäesch Häfen alafen. An et gi weider Banken opgelëscht, déi vum Kommunikatiounssystem Swift ofgekoppelt ginn.