Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jamila Woods - Boomerang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gusty Graas ass skeptesch wéi Russland op Propos fir komplette Waffestëllstand reagéiert

No Friddensverhandlungen a Saudi-Arabien

Gusty Graas ass skeptesch wéi Russland op Propos fir komplette Waffestëllstand reagéiert

D’Friddensverhandlungen a Saudi-Arabien tëscht den USA an der Ukrain kéinten zu engem Duerchbroch am russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain féieren, sou de Gusty Graas President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun. Hie wier awer nach skeptesch, wéi déi russesch Säit op dës Propos reagéiert.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Et misst een all Initiativ déi zu engem Enn vum Krich féiere kéint ënnerstëtzen, ënnersträicht de Gusty Graas. Dat géif awer net heeschen, "ënner alle Konditiounen". Russland kéint sech weider drop behaapten, déi occupéiert Terraine kënnen ze behalen. Dat géif et awer schwiereg maachen, datt et zu engem definitive Fridde soll kommen.

Lauschterenplay_arrow

Vun Ufank un hätt Lëtzebuerg hannert Kiew gestanen an dëst wäert och an Zukunft sou bleiwen, sou nach de Gusty Graas. Den LSAP Deputéierten Yves Cruchten weist sech erliichtert, datt et lo op d’mannst erëm en Accord tëscht den USA an der Ukrain gëtt.

D’USA hunn der Ukrain nees hir militäresch Ënnerstëtzung zougesot. De Premier Luc Frieden wollt sech op eis Nofro hin net zu den neisten Entwécklungen äusseren.