Radioen

On air

Tockcity  |  deBasement feat. Marie Davidson - Juicy Juice

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckschrëtt beim Denkmalschutz

Fräie Mikro

Réckschrëtt beim Denkmalschutz

Dat neit Denkmalschutzgesetz ass ugangs Abrëll an der Chamber gestëmmt ginn. Den Historiker Michel Pauly, Member vun der COPAC, der Commission pour le patrimoine culturel, gesäit nieft Neierungen awer och Problemer beim nationalen Denkmalschutz. 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Ouni vill Gedäisch gouf den 2. Abrëll an der Chamber unanime eng Ännerung vum Denkmalschutzgesetz vun 2022 gestëmmt. Déi wichtegst Neierung ass, datt och fir de beweegleche Patrimoine, also zum Beispill al Autoen oder Waggonen, helleg Statuen, Bijouen, Tabloen asw., Krittären agefouert goufen, wéini si ënner nationale Schutz gestallt kënnen a solle ginn.

Vive de Wunnengsbau, oder?

Déi zweet Neierung, déi eleng an der Press ernimmt gouf, ass, datt bei archeologesche Ausgruewungen op engem Bauterrain, d’Käschte ganz vum Staat iwwerholl ginn. D’Gesetz vun 2022 hat nom franséische Modell d’Proprietären zu 50 Prozent un deene Käschte bedeelegt. Déi Ännerung ass also e Kaddo fir d’Promoteuren a soss Bauhären.

Dat schéngt och déi nei Philosophie am Kulturministère ze sinn. Si gëtt domat begrënnt, datt d’Prozedure solle vereinfacht a méi bëlleg ginn, fir datt se de Wunnengsbau net behënneren. Dofir huet wuel och de Kulturminister Eric Thill e schéint aalt Haus zu Réimech, dat enger jüddescher Famill gehéiert huet, un déi och Stolpersteng um Trottoir erënneren, net ënner Denkmalschutz gesat, wéi d’COPAC dat an hirem Avis gewënscht huet.

De Minister huet och an dem Fall léiwer op de Réimecher Buergermeeschter gelauschtert, deen et wëllt ofrappe fir e Parking unzeleeën. Vive de Wunnengsbau, oder?

Experte riskéieren d’Flemm ze kréien

De Minister schéngt de Klassementskrittären, déi am Gesetz opgezielt ginn an un déi d’COPAC sech hält, wa se e Gebai fir e Klassement virschléit, e weideren, iwwergeuerdente Krittär dobäigesat ze hunn, nämlech de politesche Wonsch vun de Gemengeresponsabelen, a mol net nëmme wa se aus senger Partei sinn.

Fir dat neit Gesetz ass d’COPAC, déi de Minister beim Erhale vum kulturellen Ierwe soll beroden, nees net ëm een Avis gefrot ginn. Si hätt bestëmmt nach aner Ännerungsvirschléi zum Gesetz vun 2022 proposéiert, mee si kritt och net gesot, firwat de Minister hir Virschléi méi wéi eng Kéier net unhëlt, an e Gebai net klasséiert, dat si virschléit. Wann de Minister seng Argumenter géif matdeelen, da kéint d’Kommissioun deenen an Zukunft Rechnung droen an hirem Avis. Sou gëtt se just virun de Kapp gestouss, wa se zoufälleg vum Minister sengem Refus gewuer gëtt.

An d’Experte riskéiere grad esou d’Flemm ze kréien, wéi verschidde Mataarbechter:innen vum Institut national pour le Patrimoine architectural, dem INPA, fréier “Sites et Monumnts”. Trotz exzellenter Aarbecht hunn der e puer hir Demissioun agereecht, well am Ministère keen hinnen nolauschtert, an d’Decisiounen op déi laang Bänk geschubst ginn. Wann ee weess, datt zënter 2022 den Inventaire a just 5 ländleche Gemengen ofgeschloss konnt ginn a just 3 Inventairen a Form vun engem Règlement grand-ducal a Kraaft gesat goufen, da kann ee sech ausrechnen, wéini den INPA mat den 100 Gemengen - inklusiv de Stied - fäerdeg wäert sinn.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

 

Lauschterenplay_arrow