Als Humanisten hu mir eis schonn ëmmer onermiddlech fir d’Meenungsfräiheet agesat. Dëst Recht ass d’Grondlag vun eiser Visioun vun enger oppener Gesellschaft. Et erméiglecht net nëmmen de kriteschen Austausch vun Iddien, mee et fërdert och Innovatioun a gesellschaftleche Fortschrëtt.
Hautdesdaags gesi mir awer eng paradox Entwécklung: Amplaz als Instrument fir e rationalen Discours an Emanzipatioun ze déngen, ass d’Meenungsfräiheet a ville Kontexter zu engem Instrument vum Obskurantismus, vum Anti-Intellektualismus a vun der Wëssenschaftsfeindlechkeet ginn.
Déi nämmlecht Fräiheet, déi fréier virwëtzeg Käpp gestäerkt huet, schéngt elo mëssbraucht ze ginn, fir den ëffentleche Raum mat Ligen an Hallefwouerechten ze iwwerschwemmen, an domat d’Vertrauen an d’Wëssenschaft, de Journalismus an déi staatlech Institutiounen ze ënnergruewen. Déi séier Verbreedung vun oniwwerpréiwten a manipulativen Informatiounen huet effektiv e fruchtbare Buedem fir Konspiratiounstheorien a pseudowëssenschaftlech Behaaptunge geschaf.
Amplaz wichteg Debatten unzestoussen, polariséiert dës Informatiounsflut dacks déi ëffentlech Meenung a stäerkt scho bestoend Virurteeler.
Dat gemeinschaftlecht Wuel gëtt geschuet
D’Meenungsfräiheet däerf net als onageschränkte Fräibréif verstane ginn. Allze dacks erliewe mir, datt dëst Recht pervertéiert gëtt, andeems hetzeresch oder populistesch Inhalter als Meenungsäusserung getarnt ginn. Dat bréngt net nëmmen de gesellschaftlechen Discours a Gefor, mee et ënnergrueft och déi grondleeënd Prinzippie vum Rechtsstaat a vun den allgemenge Mënscherechter.
Et ass dofir essenziell, datt mir als Gesellschaft d’Grenze vun der Meenungsfräiheet kloer definéieren: Si muss ëmmer am Déngscht vun enger opgekläerter, pluralistescher Debatt stoen, an dierf net dozou mëssbraucht ginn, demokratesch Institutiounen oder de sozialen Zesummenhalt ze destabiliséieren.
De Mëssbrauch vun der Meenungsfräiheet fir falsch Informatiounen ze verbreeden huet effektiv schwéier Konsequenze fir d’Institutiounen, op deenen eist gemeinschaftlecht Wuel baséiert. Wa falsch Informatioune stänneg verbreet ginn, verzerren se net nëmmen d’Versteesdemech vum Eenzelen, mee si ënnergruewen och d’Vertraue vun der Ëffentlechkeet an unerkannt wëssenschaftlech Fuerschung, an onofhängege Journalismus an a staatlech Institutiounen. D’Resultat ass eng Gesellschaft, an där Fakte verformbar ginn an e Konsens iwwer eng objektiv Realitéit ëmmer méi ongräifbar gëtt. Dës episteemesch Vertrauenskris stellt d’Legitimitéit vun deenen Institutiounen a Fro, déi fir fundéiert Entscheedungen an demokratesch Gouvernance essenziell sinn, a bréngt schlussendlech de soziale Kontrakt a Gefor.
Sech zu intellektueller Éierlechkeet bekennen
Dofir ass et méi wichteg ewéi jee, op e fundéierte, faktebaséierten Dialog ze bestoen. Bildung a kritescht Denke spillen dobäi eng Schlësselroll. well nëmmen esou kënne mir verhënneren, datt eng subjektiv definéiert "Meenungsfräiheet" als Instrument fir eis demokratesch Wäerter ze ënnergruewe mëssbraucht gëtt.
Et ass zwar net ëmmer einfach, am konkreten Eenzelfall ze entscheeden, wéini an a wéi engem Mooss eng Ausso d’Grenze vun der Meenungsfräiheet iwwerschratt huet. Dës Fro muss ëmmer erëm nei verhandelt ginn. Mee genee dëst Ideal - déi fräi, verantwortungsbewosst an diskursiv Ausernanersetzung - muss eis als Zil an Orientéierung déngen.
Wa mir eis nees kloer zu intellektueller Éierlechkeet, zu Transparenz an zu faktebaséiertem Dialog bekennen, kënne mir ufänken, d’Vertrauen an eis Institutiounen erëm opzebauen an d’Meenungsfräiheet als eng Kraaft fir wierkleche Fortschrëtt zeréckerueweren.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.