Zu Lëtzebuerg gi mir all puer Joer wielen a kënnen entweder eng Parteilëscht ukräizen, innerhalb vun der Lëscht Kandidaten auswielen oder Kandidate vu verschiddene Lëschten aussichen.
Eng Form vu "Panachage" gouf et an der Vergaangenheet och a Frankräich, wou een Nimm vun enger Lëscht konnt sträichen an anerer bäisetzen. Dat ass elo opgrond vun enger Reform vum Walmodus net méi méiglech.
Manner Wieler:innen an de ländleche Géigenden
Nom éischten Tour vun de franséische Gemengewalen ass opgefall, datt vill Leit mat där Ännerung iwwerhaapt net frou waren, virun allem a klenge Gemengen, wou d’Zuel vu Lëschten a Kandidate begrenzt war.
Dee Facteur huet dozou bäigedroen, datt an de ländleche Géigenden d’Zuel vun de Wieler:inne staark zeréckgaangen ass, och wann et net déi eenzeg Ursaach war.
Politiker:inne gi bestrooft
An de Groussstied ass d’Zuel vun de Lëschten natierlech méi héich an deemno de Choix méi grouss. Mee et kann een dovunner ausgoen, datt d’Ofschafung vum Panaschéieren dozou gefouert huet, datt déi riets-, a lénksextreem Parteien – déi souwisou scho groussen Zousproch agerechent haten – doduerch nach méi Erfolleg verzeechne konnten.
A Frankräich, wou traditionell vill Wieler:innen hire Frust ausdrécken, andeem si déi Politiker:inne bestrofen, déi grad un der Muecht sinn, siche si – dee Moment wou si just nach eng ganz Lëscht ukräizen kënnen – Parteien aus, déi Proteststëmmen am beschte kanaliséieren. An dat sinn déi Formatiounen, déi d‘populistesch Rhetorik am beschte beherrschen.
Üblech Wielerschaft fideliséieren
Wéi den éischten Tour vun de franséische Gemengewale gewisen huet, huet de System vun de Lëschtestëmmen d‘Zersplitterung vun der politescher Landschaft net reduzéiert.
Am Géigendeel: De Mësstrauensvott verlagert sech op Parteien, déi d’Spléckung vun der Gesellschaft virundreiwen.
Dobäi kënnt, datt déi traditionell Parteien d’Vertraue vun hire Wieler:inne verluer hunn. Si bréngen et net méi fäerdeg, hir üblech Wielerschaft ze fideliséieren. An enger Zäit, wou d’Repèrë séier änneren, wou d’Verhale vun de Bierger:inne grad esou volatil ass, wéi d’Kuere vun der Boursse, lafe vill Politiker:inne gär virun de Won a verfänken sech spéitstens bei den nächste Walen.
Vun der SPD bei d'AFD
Wa konservativ Parteien d’Grenz mat rietsextreeme Formatiounen verwëschen, wa progressiv Parteien, déi lénksradikal Stëmmen net méi Meeschter ginn, dierf een sech net wonneren, datt d’Politik um Holzwee steet.
Bei de leschte Regionalwalen a Baden-Württemberg huet eng Studie bewisen, datt e gudden Deel vun den Aarbechterstëmmen, déi fréier der SPD trei waren, bei d’AFD eriwwergewiesselt sinn.
Et gëtt an de Parteizentralen esou lues Zäit, sech d’Fro ze stellen, wou dat eis an noer Zukunft hiféiert.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.