arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass dat internationaalt Recht dout?

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Ass dat internationaalt Recht dout?

Den Ukrainkrich, de Gazakrich oder ganz aktuell den Iran: D'Recht vum Stäerksten a brutal Gewalt ouni Rücksicht op Verloschter regéieren am Moment eis Welt. Ass d'Iddi vun enger Weltuerdnung baséiert um internationale Recht dout, freet sech den Affekot a Mënscherechtsaktivist Fränk Wies.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Wéi de libeschen Diktator Gaddafi sech 2011 un d’Muecht geklammert a dofir riskéiert huet e Massaker un Deeler vun der Bevëlkerung unzeriichten, huet den UN-Sécherheetsrot mat der Resolutioun 1973 eng militäresch Aktioun fir d’Duerchsetzung vun enger Fluchverbuetszon autoriséiert.

Amerikanesch a franséisch Aviatioun hunn dorop hi Libye bombardéiert a kuerz drop war de Regimm vum Gaddafi Geschicht.

Permanente Blockage an der UNO

D’Resolutioun 1973 ass bis haut déi leschte Kéier bliwwen, wou d’UN-Charta genotzt gouf, fir an engem internationale Konflikt eng militäresch Interventioun ze rechtfäerdegen. Säitdeem konnt de Broch vum Vëlkerrecht nach esou eklatant, oder d’Mënscherechtsverletzungen nach esou massiv sinn: All Initiativen am Kader vun der UNO goufe blockéiert. Sief et duerch China a Russland, wann et ëm d’Ukrain goung, oder vun den USA, déi d’Hand iwwer Israel halen.

Eegen imperialistesch Interessen

D’USA selwer hu mëttlerweil all Efforten opgi fir ze maachen, wéi wann hinnen nach iergend eppes un enger Weltuerdnung geleeë wier, an de Broch vum Fridden déi absolut Ausnam ass, déi no klore Reegele gemeinsam mat de Partner vun der sougenannter internationaler Communautéit entscheet gëtt.

Hate se 2003 nach ouni Erfolleg probéiert, hir Invasioun vum Irak duerch de Sécherheetsrot autoriséieren ze loossen, schécke se mëttlerweil hir Rakéiten, Bommen a Buedemtruppen ouni de geréngste Versuch, dat och nëmmen zum Schäi mat eppes anescht ze rechtfäerdegen, wéi den eegenen imperialisteschen Interessen.

Eng Liewensversécherung fir kleng Staaten

All déi, déi applaudéieren, wann Despote wéi de Chamenei dobäi op der Streck bleiwen, musse sech froen, wat eis da garantéiert, datt mir net och eng Kéier zur Zilscheif ginn. Wann zum Beispill rietsextreem nationalistesch Parteien, déi vu Washington aus massiv ënnerstëtzt ginn, net als Gewënner vun europäesche Walen erauskommen, kéint d’Loscht op e "Regime change" jo och mol fir Länner vun eisem Kontinent opkommen. 

Besonnesch fir kleng Staate wéi Lëtzebuerg ass dat internationaalt Recht eng Liewensversécherung. Et garantéiert eis Souveränitéit, territorial Integritéit a politesch Onofhängegkeet. Ouni staark international Institutiounen an ouni Respekt viru gemeinsame Reegele géife kleng Natiounen tëschent den Interesse vun deene Groussen zerrappt ginn.

Vun eiser Regierung enttäuscht

Natierlech ass dat internationaalt Recht net perfekt. Et muss weider entwéckelt an un nei Erausfuerderunge wéi Klimawandel an international Migratioun ugepasst ginn. Mee d’Léisung fir seng Schwächten ass net seng Ofschafung, mee seng Stäerkung.

Dozou gehéiert awer och mat enger klorer Stëmm d’Kand beim Numm ze nennen, wann d’Vëlkerrecht gebrach gëtt. Bei der rezenter Attack op den Iran hätt ee sech dohier méi erhofft vun eiser Regierung, wéi just vun enger "graver Situatioun" ze schwätzen an eleng déi iranesch Attacken op seng Nopeschlänner ze verurteelen.

A sief et nëmmen aus eegenem Interesse fir ze vermeiden zu engem Vasall vun engem vun deenen dräi Räicher vun dëser Welt ze ginn.

D’Recht ass ëmmer nëmmen esou laang do fir eis ze beschützen, wéi mir bereet sinn et ze verteidegen. Wa kee méi opsteet fir dat internationaalt Recht ze stäerken, da wäert et wierklech engem stëllen Doud entgéintgoen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren