arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlecht Stëmmung op der Uni

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Schlecht Stëmmung op der Uni

Zënter Hierscht waren ëmmer nees Reprochë géint d’Gouvernance an d'Ressource-humaine vun der uni.lu public ginn. Dorënner schlechte Management an Harcèlement. Am Fräie Mikro schwätzt de Michel Pauly, pensionéierte Professer vun der Uni Lëtzebuerg, vu systemesche Problemer.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Michel Pauly. | © Jo Diseviscourt
De Michel Pauly. (Foto: Jo Diseviscourt)

An de leschte Woche gouf vill iwwer d’Uni Lëtzebuerg diskutéiert a publizéiert. Dobäi goung et haaptsächlech ëm Mobbing-Virwërf a Promotiounsreegelen.

Déi Problemer si sécher net kleng ze rieden, mee betreffen éischter Eenzelpersounen, wärend et op der Uni awer och systeemesch Problemer ginn, vun deene leider net vill geschwat gëtt.

Anscheinend traut och kee sech esou richteg domat an d’Ëffentlechkeet ze goen. Ech géif der hei wëlle just zwee ernimmen: De Recrutement vun neie Proffen an de Budget.

Onbesat Posten

Wann en Enseignant an d'Pensioun wëllt goen ass virgesinn, datt hien dat ee Joer am viraus dem Rektorat matdeelt. Dat ass eng sënnvoll Reegel, well en neie Proff siche brauch Zäit.

E Proff gëtt net automatesch ersat, mee de Profil vum Léierstull muss nei beschriwwen a seng Neibesetzung detailléiert begrënnt ginn. Déi ganz Prozedur, déi dann uleeft, brauch an der Reegel méi wéi ee Joer.

Mee an der Fakultéit fir Geeschteswëssenschafte solle Posten, déi schonns 2024 fräi goufen, net virun 2028 nei besat ginn. Dat bedeit, datt déi Kolleeginnen a Kolleegen, déi nach do si, dem pensionéierte Kolleeg seng Course mussen assuréieren, obschonns si déi Kompetenz guer net hunn.

Wärend an eenzelnen technesche Fächer nei Léierstill geschafe ginn, déi d’Uni sollen international profiléieren, riskéiert d’Grondausbildung a eenzelne geeschteswëssenschaftleche Fächer geschwënn net méi geséchert ze sinn, well Proffen- an Assistenteplazen onbesat bleiwen.

An d’Fuerschung kënnt dann och ze kuerz, well et kënne keng Doktorande betreit ginn an et huet kee méi Zäit, fir e Projet beim FNR anzereechen, well dat ass mat groussem Opwand verbonnen. Esou kann een och d’Fräiheet vun der Fuerschung aschränken.

Kuerz virum Burnout

D’Ursaache fir déi Entwécklung leie beim zweete Problem: Obschonns d’Regierung de Budget vun der Uni och fir 2026 eropgesat huet, koum an der geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit d’Uerder, et misste 15 Prozent an der Léier, a 25 Prozent an der Fuerschung agespuert ginn.

Dofir ginn och d’Posten am sougenannte Mëttelbau net nei besat, soudatt déi ëmmer manner Kolleegen ëmmer méi Aarbecht hunn an der Léier, an der Verwaltung, bei der Betreiung vu Studenten asw.

Dat erkläert, datt si all kuerz virum Burnout stinn an d’Flemm hunn. Wat si besonnesch iergert ass, datt déi Spuermoossnamen net éierlech erkläert ginn. Well datt 25 Prozent oder och nëmme 15 Prozent missten agespuert gi wéinst de Lounkäschte, déi klammen, huet nach keen a senger Paitut gemierkt.

Gefouert wéi eng privat Entreprise

Mee et si Suen do fir zum Beispill en neie Logo, fir deen net nëmmen eng Agence bezuelt gëtt, mee och de Bréifpabeier, Pannoen, T-Shirten a villes méi mussen nei produzéiert ginn.

Dat ass d’Resultat, wann eng Uni konzipéiert a gefouert gëtt, wéi wann et eng privat Entreprise wier, déi muss rentabel sinn.

De Professer Georg Mein huet viru kuerzem e Buch erausgi mam Ënnertitel: “Demokratie braucht Wissenschaft”. Ech géif gär ergänzen: “Universität braucht Demokratie”.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren