Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Pensiounsreform betrëfft méi Auslänner ewéi Lëtzebuerger

Fräie Mikro

D'Pensiounsreform betrëfft méi Auslänner ewéi Lëtzebuerger

D'Pensiounsreform, iwwer déi zu Lëtzebuerg am Moment intensiv geschwat gëtt, soll laangfristeg Léisunge fir déi nächst Joerzéngte bréngen. An deem Zäitraum wäerten am Grand-Duché definitiv vill méi Auslänner a Frontaliere vun enger Pensioun profitéieren, ewéi Lëtzebuerger. Mee aus deenen hirer Perspektiv gëtt dës eminent wichteg Reform kaum bis guer net an der Ëffentlechkeet debattéiert, mengt d'Laura Zuccoli an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Zu Lëtzebuerg hu vill Salariéen een Deel vun hirer professioneller Karriär am Ausland gemaach a vill Expats aus der ganzer Welt schaffen e puer Joer hei bei eis, ier si an dat nächst Land weiderzéien, munchmol ausserhalb vun Europa. D'Pensiounsberechnunge sinn a villen anere Länner net esou grousszügeg ewéi bei eis. Dëst motivéiert si, esou laang ewéi méiglech bei eis ze schaffen, fir herno eng besser Pensioun ze kréien. Hir Kafkraaft riskéiert mam Antrëtt an d'Pensioun zolidd ofzehuelen. Dat ass verständlecherweis beonrouegend.

Vill Aspekter ginn an der Pensiounsdiskussioun iwwersinn

Doriwwer eraus läit bei eis de reale Pensiounsalter - also deen Alter, an deem an der Moyenne d'Leit hir Pensioun untrieden - bei 62 Joer. A ville Länner an Europa ass dat méi spéit. Wann eng Persoun, déi an e puer Länner geschafft huet, zu Lëtzebuerg pensiounsberechtegt ass, huet si net onbedéngt och direkt schonn Urecht op hir Pensioun aus deenen anere Länner. Mam Risiko, e puer Joer mat nëmmen engem Deel vun der Pensioun mussen ze liewen. Een Dilemma, deen d'Decisioun fir an d'Pensioun ze goen, erschwéiert.

A wéi ass et mat de Frontalieren? Ëmmer méi Pensioune fléissen an d'Ausland. Geld, wat der Lëtzebuerger Ekonomie verluer geet. Op der anerer Säit falen d'Gesondheetskäschten, déi bekanntlech am Alter rasant an d'Luucht ginn, am Residenzland vun den Ex-Frontalieren un. Dat selwecht gëllt fir d‘Alters- a Pfleegeheimer an -déngschter. Dës Aspekter feele leider gänzlech an der ëffentlecher Pensiounsdiskussioun.

Professionell Zukunftsperspektive musse geschaf ginn

D’ADEM schreift am Juli 2024, datt 61 PRozent vun den Demandeurs d'emploi iwwer 45 Joer méi ewéi 12 Méint bei der ADEM ageschriwwe waren. Bei deenen iwwert 60 Joer waren dat 70 Prozent, woubäi d’Hallschent esouguer schonn zënter méi ewéi 2 Joer am Chômage war. Eeler Demandeurs d'emploi kommen haaptsächlech aus Bevëlkerungsschichte mat nidderegem Qualifikatiounsniveau. 66,7 Prozent vun hinnen si frankofon, 27,6 Prozent anglophon. D'Lëtzebuerger si manner vum Chômage betraff. Huet dat domadder ze dinn, datt vill Lëtzebuerger an ofgesécherte Secteure schaffen, wou ee kaum am Alter säi Job verléiert?

D'Zuele vun der ADEM weisen däitlech, wéi schwéier et ass, als Aarbechtslose mat méi ewéi 45 Joer eng Aarbecht ze fannen. Wann de reelle Pensiounsalter soll eropgesat ginn, musse parallel gesellschaftlech an aarbechtsmaartpolitesch Initiative lancéiert ginn, duerch déi de Mënschen, a besonnesch deene mat wéineg Qualifikatiounen, och am Alter nach eng professionell Zukunftsperspektiv geséchert gëtt.

Aarmutsrisiko bei de Portugisen am héchsten

De Bericht Travail et cohésion sociale vum Statec ënnersträicht déi direkt Relatioun tëscht wéineg Qualifizéierung an Aarmut. 2023 war den Aarmutsrisiko bei de Portugise mat 42 Prozent deen héchsten. Eng Zuel, déi am Verglach mat 2022 ëm 13,3 Prozent eropgaang ass. Well ëmmer méi Portugisen zu Lëtzebuerg an de Pensiounsalter kommen, a Verschiddener an hirem Land net ugemellt waren, si si besonnesch vun Altersaarmut bedreet.

Vun de Mindestlounbezéier zu Lëtzebuerg sinn 13 Prozent Lëtzebuerger, 14,8 Prozent Grenzgänger a 17,1 Prozent Awunner mat auslännescher Nationalitéit. Si liewe bescheiden a wëssen, datt och hier Pensioun wäert niddreg sinn. Bei den aktuelle Logementspräisser kënne sech dës Mënschen nimools eng Wunneng leeschten. Woubäi den Immobiliebesëtz e wichtegen Aspekt vun der Altersofsécherung ass.

Iwwer d'Pensiounsreform diskutéieren am Moment exklusiv Lëtzebuerger, mee betraff dovu si virun allem Auslänner. 

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

Lauschterenplay_arrow