Radioen

On air

Vue sur mer  |  Ezra Collective - No One's Watching Me Feat. Olivia Dean

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portugisen am meeschte vun Aarmut betraff

Fräie Mikro

Portugisen am meeschte vun Aarmut betraff

Portugise gehéieren zënter Joerzéngten zu eiser Lëtzebuerger Gesellschaft. Si hunn als Aarbechtervollék wesentlech zum Räichtum vun eisem Land bäigedroen, mee hunn an dëse Krisenzäite besonnesch mat finanzielle Schwieregkeeten ze kämpfen. Firwat? Dat freet d'Mënscherechtsaktivistin Laura Zuccoli.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Den 1. Januar 2024 hu ronn 672.000 Awunner zu Lëtzebuerg gelieft. 13,5 Prozent dovunner ware Portugisen. Si stelle mat bal 28,6 Prozent bei wäitem de gréissten Auslännergrupp.

Eng Etüd, vill verschidden Zuelen

Laut enger rezenter Etüd vun der Uni Lëtzebuerg hunn 30 Prozent vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn, een Héichschoul- oder Unisdiplom. Bei de Leit, déi am Ausland gebuer sinn, sinn et dogéint ronn 44 Prozent. Een Drëttel dovunner sinn EU-Bierger, 47 Prozent si Bierger aus Drëttstaaten. Ervir stiechen déi 65 Prozent héich-ausgebilte Rumänen. Eng Zuel, déi mat ville Prejugéen zu dëser Nationalitéit opraumt.

An dëser Etüd ginn och déi Gruppe vu Migrante mat den nidderegste Qualifikatiounen identifizéiert. 65,2 Prozent vun de Portugisen hunn eng Ausbildung vum Niveau Cycle inférieur vum Secondaire oder manner. Kapverdianer leie bei 58,4 Prozent a Montenegriner bei 42,5 Prozent.

De Bericht Travail et cohésion sociale vum Statec ënnersträicht déi direkt Relatioun tëscht wéineg Qualifizéierung an Aarmut. Laut Statec läit den Undeel vun eiser Bevëlkerung, déi dem Aarmutsrisiko ausgesat ass, bei 19 Prozent. Ee vun den héchsten Tauxen a Westeuropa.

Der Aarmut ausgesat ass een zu Lëtzebuerg mat engem Akommes vu manner ewéi 2.400 Euro. 2023 war den Aarmutsrisiko bei de Portugise mat 42 Prozent den héchsten. Eng Zuel, déi am Verglach mat 2022 ëm 13,3 Prozent eropgaang ass. D'Lëtzebuerger louche bei 12 Prozent.

Vun der aktueller Kris am Bausecteur betraff

Déi fix Käschte vum Loyer, Bankkreditter, Waasser-, Stroum- an Heizkäschte maachen an der Moyenne 36 Prozent vun den Ausgabe vum Stot aus. Wat ee manner verdéngt, wat dee Prozentsaz méi grouss gëtt. Mam Mindestloun ass et schwéier, seng Rechnungen ze bezuelen. Et spiert een d'Deierecht vun de Präisser an de Réckgang vun der Kafkraaft direkt a mat voller Wucht. Portugisesch Stéit sinn och oft mei grouss, hu méi Kanner a méi Generatiounen ënner engem Daach a schwaach Mindestléin als Akommes zur Verfügung.

Vill Portugise schaffe virun allem a manner gutt bezuelten, haaptsächlech manuelle Secteuren, ewéi de Bau, d’Restauratioun oder de Botzsecteur. Besonnesch Fraen hunn dacks deelzäit, prekär an zäitlech begrenzte Kontrakter. Laut der Etüd iwwert de soziale Mindestloun vun der Chambre des salariés vum Oktober 2023 verdéngt ee vu fënnef portugisesche Salariéen de Mindestloun an zwee Drëttel dovunner de net-qualifizéierten. Manuell Beruffer verursaache mëttel- a laangfristeg gesondheetlech Problemer, wat weider finanziell Aschnëtter mat sech bréngt. Vun der aktueller Kris am Bausecteur sinn d'Portugise besonnesch betraff. Mat iwwer 50 Joer als Aarbechter eng nei Plaz ze fannen, ass schwéier.

Quell vun Onzefriddenheet a Näid

De Bildungsbericht vun 2024 ënnersträicht op en Neits déi pädagogesch Ongläichheete bei Kanner a Jugendlecher aus manner gebilten, aarme Migrantefamillen. Besonnesch portugisesch Schüler erreechen déi erfuerderlech Kompetenzniveauen duerch hir Schoulkarriär net.

Do wonnert ee sech net, datt 92 Prozent vun de befrote Portugise an enger Ëmfro vum Centre pour l'Egalité de Traitement soen, datt d'Nationalitéit fir si dee gréisste Facteur vun Diskriminatioun duerstellt.

All dës Zuele beleeën, datt vill Portugisen hei am Land e schwéiere Stand hunn. Aarmut an Diskriminatioun splécken eis Gesellschaft a si Quell vun Onzefriddenheet a Näid.

Och wann d'Portugise keen nationaalt Walrecht zu Lëtzebuerg hunn, muss d'Politik sech gezielt mat hire Problemer beschäftegen. Gläich Chancen an eng gerecht Verdeelung sinn eng Grondviraussetzung fir e friddlecht an zefriddent Zesummeliewen.

Lauschterenplay_arrow