Radioen

On air

Simon Says  |  Odyssey - Native New Yorker (12" Disco Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietsradikal Parteien an Europa: Verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Fräie Mikro

Rietsradikal Parteien an Europa: Verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Bei eis zu Lëtzebuerg ass d’Wal de Sonndeg. A bei dëse Wale gëtt mat engem Opschwong vu radikal rietse Parteie gerechent. Et ass awer onwarscheinlech, datt dës Parteie sech zu enger gemeinsamer Fraktioun zesummeschléissen, mengt d’Politikwëssenschaftlerin Léonie de Jonge vun der Uni Groningen an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
D’Politikwëssenschaftlerin Léonie de Jonge vun der Uni Groningen. (Foto: Archiv)

Sondagen no kéinte radikal- respektiv extreem-riets Parteie bei dësen Europawale bis zu engem Véirel vun de Sëtz am Europaparlament gewannen. Dobäi handelt et sech also ëm Parteien, déi um rietse Bord vum politesche Spektrum operéieren, wéi beispillsweis d’Alternative für Deutschland, de Vlaams Belang, oder och d’Fratelli d’Italia vun der italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni.

Euroskepsis als gemeinsamen Nenner

Ideologesch gesinn hunn dës Parteien tatsächlech vill gemeinsam. Si fanne sech engersäits an hirem Nativismus, dat ass eng xenophob Form vun Nationalismus – déi oft Hand an Hand geet mat Friemenhaass – an anerersäits an hirem Autoritarismus. Dat ass de Glawen un eng strikt hierarchesch geuerdent Gesellschaft.

Donieft sinn dës Parteien och populistesch. Am Kär baséiert Populismus op der Iddi, datt eis Gesellschaft aus zwou homogene Gruppe besteet: Engersäits engem gudde Vollek – also den „normale Bierger“, deen d’Roll vum „Underdog“ spillt – an anerersäits enger moralesch korrupter a béisaarteger Elite.

Fir populistesch Parteien ass d’Zil vun der Politik, de Vollekswëllen zum Ausdrock ze bréngen, an domat d’Muecht vun der Elite zeréck bei d’Vollek ze bréngen.

Fir rietspopulistesch Parteien ass d’EU duerch hier komplex a bürokratesch Architektur eng Aart natierleche Feind. Dofir fannen dës Parteien sech dann och an hirer Euroskespis.

Si sti kritesch géigeniwwer dem europäesche Projet an der europäescher Integratioun, well dat hirer Meenung no d’Immigratioun encouragéiert an den Nationalstaat a senger Identitéit a Souveränitéit ofschwächt.

Et gëtt sech vuneneen distanzéiert

Ironescherweis bitt grad d’Europaparlament dëse Parteien d’Méiglechkeet fir eng koordinéiert a formell international Zesummenaarbecht. Allerdéngs verleeft déi Zesummenaarbecht historesch gesinn awer éischter schwiereg. Si sëtzen dowéinst och net all zesummen an enger Fraktioun. Wisou eigentlech?

Engersäits huet dat domat ze dinn, datt dës Parteien nationalistesch sinn. Dat heescht, datt den Interessi vum eegene Vollek ëmmer am Mëttelpunkt steet. Eng international Allianz vun nationalistesche Parteien ass dowéinst schwiereg.

Donieft fäerte sou Parteien och, vum Extremismus-Stigma vun anere rietse Parteie kontaminéiert ze ginn, dat dacks un hinne pecht.

Viru kuerzem huet d’Marine Le Pen sech beispillsweis vun der AfD distanzéiert, déi hirer Meenung no ze wäit no riets geréckelt war, wat net bei hir Strategie vun der 'dédiabolisation' passt.

Anerersäits ginn et trotz ideologesche Gemeinsamkeeten och wichteg Ënnerscheeder. Op Theeme wéi Klimawandel oder Rechter fir LGBTIQ+ Persoune ginn et däitlech Meenungsdifferenzen.

Sträitpunkt Russland

Mee de wichtegste Sträitpunkt bannent der rietsradikaler Parteifamill schéngt de Moment d’Positionéierung vis-à-vis vu Russland ze sinn. Dat gouf am Abrëll 2023 kloer, wéi d’Europadeputéiert vun der finnescher Perussuomalaiset Partei vun der Identitéit an Demokratie Fraktioun bei déi Europäesch Konservativ a Reformiste gewiesselt sinn, well dës Fraktioun méi pro-NATO an anti-Putin ass.

Wéinst dësen Ënnerscheeder ass et och dëst Joer onwarscheinlech, datt d’Parteien um rietse Bord sech zu enger gemeinsamer Fraktioun zesumme schléissen. Dat heescht awer net, datt een Opschwong vun dëse Parteien ouni Konsequenze bleift.

Et kéint eng kohärent Äntwert op Erausfuerderunge wéi de Klimawandel an d’Kricher an der Ukrain a Gaza méi komplizéiert maachen An et ass eng beonrouegend Viraussiicht fir Minoritéiten a Fraerechter. Ausserdeem kéint et déi liberal-demokratesch Prinzippien ënnergruewen, op deenen d’Europäesch Unioun opgebaut ass.

Et steet also vill um Spill.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.