Radioen

On air

Spektrum  |  Dives - Be Fine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Europawale beim Numm nennen

Commentaire

D’Europawale beim Numm nennen

Wann ee mat a Wale geet, wëll een normalerweis och gewielt ginn. Ausser et ass een een “europäesche Spëtzekandidat” - wéi d’Ursula von der Leyen oder de Nicolas Schmit. Si striewen “just” een héije Posten an der Europäescher Kommissioun oder soss enzwousch an der EU un, wëllen awer net an d’Parlament. D’EU gëtt doduerch net grad méi demokratesch, mengt d’Danièle Weber an dësem Commentaire.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

D’EU ass komplizéiert an d’Europäesch Spëtzekandidaten, dat war de Plang, sollten op mannst d’Europawalen de Bierger, déi sech an der Reegel net immens dofir interesséieren, méi no bréngen.

Ze vill no un de Wieler oder d’Wielerin, muss ee Spëtzekandidat awer net erun. Et ass him nämlech selwer iwwerlooss, ob en aktiv bei deene Wale matmécht a sech op eng Wallëscht setze léisst. 

Bei de Kandidate vun den zwou gréisste Parteien ass déi Decisioun elo gefall. D’Ursula von der Leyen an de Nicolas Schmit hu matgedeelt, si maachen dat net a kënnen deemno néirens direkt gewielt ginn.

Een "éierlechen" Ëmgank mam Wieler 

D’Erklärung dofir ass déi nämmlecht, déi och de Jean-Claude Juncker 2014 ginn huet: Schliisslech wéilt een net an d’Europaparlament, mee un d’Spëtzt vun der Kommissioun. Also wier et souzesoen och méi “éierlech” de Wieler géintiwwer, wann een hinnen do näischt virmécht. 

Demokratesch gemooss ass dat e bëssen esou, wéi wann een, dee Chef oder Member vun enger Regierung well ginn, seet, ech ginn net mat an d’Walen, wëll ech wëll jo net an d’Chamber. 

De Verglach funktionéiert vläicht net honnertprozenteg, mee e gëtt grad vun EU-Politiker a Politikerinne ganz gäre beméit, wa si Net-Insideren d’Europäesch Unioun erkläre wëllen: D’Europäesch Kommissioun gëtt do als Exekutiv, eng Zort “Regierung” duergestallt.  

Eng Europäesch Regierung muss net gewielt ginn

Eng Regierung deemno, déi net gewielt muss ginn. An dat soll deenen zwee Spëtzekandidaten no och esou bleiwen. Net ganz credibel ass do d’Ausso vun der Ursula von der Leyen vun e Méindeg, hirt iewescht Zil wier et, déi europäesch Demokratie ze stäerken.

Virun hire fiktive Wieler steet elo eng Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei, déi selwer net mat an d’Wale geet an déi schonn 2019 op ganz ondemokrateschem Wee laanscht den eigentleche Spëtzekandidat Manfred Weber vun de Regierungscheffen op dee Poste gehuewe gouf, dee si elo behale wëll. 

2019 war alles anescht 

Virun de Leit steet och een Nicolas Schmit, deen nach 2019 sot, och een EU-Kommissär misst sech de Wieler stellen - an elo erkläert, bei engem Spëtzekandidat wier dat anescht, well dee jo “just” een héije Poste wëll. 

Op ganz groussen demokratesche Féiss steet dat net. 

Falsch Hoffnung op transnational Lëschten

Dem Nicolas Schmit no ass de Spëtzekandidate-System ganz gutt, et géif just eppes feelen, dat wieren transnational Lëschten, sou den LSAP-Politiker des Woch op RTL. 

Géif et esou europäesch Wallëschten, mat europäesche Kandidaten drop, sou seng Undeitung, da wier do och hien als Spëtzekandidat drop. Hie géing hoffen, datt et bei deenen nächste Walen, also 2029, esou wäit wier. 

Déi Ausso ass zimmlech hypokritesch. Well et wier an de leschten zéng Joer duerchaus méiglech gewiescht, dee Walsystem ze änneren, mee de politesche Wëlle war ganz einfach net do. 

Et waren an éischter Linn d’Memberlänner, déi dat verhënnert hunn - och mat enger viregter Lëtzebuerger Regierung mat LSAP-Bedeelegung, déi sech do och net dofir agesat huet. 

De Wieler an d‘Wielerin net fir domm verkafen

Vläicht sollt een, amplaz d’EU nach méi komplizéiert ze maachen, an de Wieler a Wielerinnen demokratesche Sand an d’Aen ze streeën, d’Saach einfach beim Numm nennen. 

Bei den Europawale ginn Europadeputéiert gewielt. Punkt. Wat dono aus de Spëtzekandidaten Ursula von der Leyen a Nicolas Schmit gëtt, weess virdru keen. Ausser datt déi zwee do eben net an d’Parlament ginn. Der europäescher Demokratie huet dat awer warscheinlech net vill gehollef. 

Lauschterenplay_arrow

Europawalen
Politik a Gesellschaft
Europa
Meenung