Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaja Kallas: "Mir dierfen net fäerten d’Victoire vun der Ukrain als Zil ze benennen"

Estnesch Premierministesch op Visitt

Kaja Kallas: "Mir dierfen net fäerten d’Victoire vun der Ukrain als Zil ze benennen"

Bilateral an virun allem natierlech europäesch Theme stungen am Kader vu der Visitt vun der estnescher Regierungscheffin Kaja Kallas zu Lëtzebuerg um Programm. D’Premierministesch kéint jo déi nächst Deeg um EU-Sommet als nei EU-Aussebeoptraagt nominéiert ginn.

auto_stories

2 min

Foto: SIP / Julien Warnand

De Premier Luc Frieden huet allefalls nach emol kloer gemaach datt hien déi Kandidatur zesumme mat där vun der Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin géif ënnerstëtzen.

Déi studéiert Juristin Kaja Kallas wier eng Expertin am EU-Recht a si géif sech fir Demokratie a Sécherheet an Europa asetzen, sou de Luc Frieden.

Haart Linn géint russesch Invasioun

D’Kaja Kallas gëllt jo als staark Verfechterin vun enger ganz haarder Linn géint déi russesch Invasioun an der Ukrain, dat huet si och de mëtten nach eemol kloer gemaach:

„Ech mengen, datt den Ausgang vun dësem Krich essentiel ass, net nëmme fir déi osteuropäesch Staaten, mee fir déi ganz EU an déi transatlantesch Communautéit.“

Et dierft een net fäerten, d‘Victoire vun der Ukrain als Zil ze benennen, esou d‘estesch Premierministesch.

D‘Rolle wäerte sech änneren

Sollt d‘Kaja Kallas um Sommet wierklech zur EU-Aussebeoptraagten nominéiert ginn, wäert sech hir Roll awer änneren. Si ass sech bewosst, datt dann och a Saache Sécherheetspolitik Kompromësser musse gemaach ginn:

„Mir kënnen eis op dat konzentréiere wou mer eis eens sinn an dorop bauen.“

Luc Frieden: EU-Kommissäre gi vu Regierunge virgeschloen

Bilateral louch den Akzent op Digitaliséierung an dem Stäerke vun de Positioune vun de klenge Länner.

De Luc Frieden huet op Nofro hin och net-confirméiert Medieninformatiounen iwwert en däitsche Support fir den Nicolas Schmit als EU-Kommissär kommentéiert. Et misst een d‘Walresultat respektéieren an d‘Kommissäre géifen ëmmer nach vun den nationale Regierunge virgeschloe ginn, sou de Premier.

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik a Gesellschaft