Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher & Maxime Delpierre - Drips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen nach net confirméiert

INFORMELLEN EU-SOMMET

Ursula von der Leyen nach net confirméiert

Déi 27 Staats- a Regierungscheffe goufe sech net eens iwwer d’Neibesetze vun de Spëtzeposten an der EU. Onkloer ass, ob a wat déi italieenesch Premierministerin Giorgia Meloni sech erwaart.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Europäesch Unioun

D’Ursula von der Leyen ka sech nach net sécher sinn, datt si fir een zweet Mandat un der Spëtzt vun der Kommissioun nominéiert gëtt.

Op hirem informelle Sommet goufe sech d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner de Méindeg den Owend net doriwwer eens, wéi d’Spëtzeposten an der Europäescher Unioun sollen nei besat ginn.

Nieft dem Posten un der Spëtzt vun der Kommissioun geet et ëm dee vum Conseilspresident an dee vum EU-Baussebeoptraagten.

Lëtzebuerg steet hanner zweetem Mandat fir von der Leyen

Fir déi zwee lescht Poste waren den Sozialist Antonio Costa an déi Liberal Kaja Kallas am Gespréich. Nei Nimm goufen um Sommet wuel keng genannt - confirméiert gouf den Trio awer och net.

“D’Äntwert ass ee kloert Jo.”

Dat sot de Premier Luc Frieden op d’Fro, ob hien d’Ursula von der Leyen fir een zweet Mandat ënnerstëtzt.

Esou wäit, datt eng Majoritéit dat och esou gesäit, war een de Méindeg Owend awer nach net.

De Conseilspresident Charles Michel huet kuerz no Mëtternuecht vu “gudde Gespréicher” geschwat a confirméiert, datt et keen Accord à ce stade gouf.

“Aner Parteiefamille wëlle gehéiert ginn”

Et wier ee sech eens, datt et séier misst goen, esou de Luc Frieden. Déi dräi grouss Parteien - d’Europäesch Vollekspartei, d’Sozialisten an déi Liberal - déi sech d’Posten normalerweis ënnereneen opdeelen, missten elo d’Gespréicher viruféieren.

"Mee och an där Reunioun huet ee gespiert, datt déi déi net an deene Famille sinn, gäre wëlle gehéiert ginn. Déi sinn haut fir d’éischte Kéier zu Wuert komm, an et ass normal, datt déi sech nach an den nächsten Deeg wäerte mellen."

Rieds ass hei an éischter Linn vun der italieenescher Premerministerin, där hir postfaschistesch Fratelli d’Italia am Europaparlament Member vun der rietsnationaler Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer ass.

Gespréicher gi virugeféiert

Wat genee d’Giorgia Meloni sech erwaart, schéngt net kloer ze sinn.

"Ganz klar ist, im Parlament darf es keine Unterstützung der Kommissionpräsidentschaft geben, die sich auf rechte und rechtspopulistische Parteien stützt."

Dat seet den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz. Dat nämlecht hunn och déi Liberal ënnerstrach.

Wéi eventuellen Doleancë vun där Säit ka Rechnung gedroe ginn, wier “net säi Problem”, sot dozou de Luc Frieden.

"Dat ass ee Problem fir déi Leit, déi an deene Parteie sinn, a si musse kucken, wéi se sech kënne Gehéier verschafen."

Si hunn dofir elo eppes iwwer eng Woch Zäit: Um EU-Sommet en Donneschdeg an e Freideg aacht Deeg sollen dann Neel mat Käpp gemaach ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik a Gesellschaft