Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: Um EU-Sommet keng Decisioun iwwert Lëtzebuerger EU-Commissaire

Bréissel

Luc Frieden: Um EU-Sommet keng Decisioun iwwert Lëtzebuerger EU-Commissaire

De Premier Luc Frieden (CSV) huet zu Bréissel kloer gemaach, datt haut a muer um EU-Sommet net decidéiert gëtt, ob de Christophe Hansen wéi vun der Regierung geplangt Lëtzebuerger EU-Commissaire gëtt. 

auto_stories

3 min

Foto: European Council

"Eent nom aneren", sot de Premier an der Mëttesstonn, wéi hien an der belscher Haaptstad fir de Sommet vun de 27 EU-Staats- a Regierungscheffen ukomm ass. Haut a muer géifen déi 27 Länner just Persoune fir d'Spëtzeposten nominéieren, déi Mëtt Juli vum Europaparlament solle gutt geheescht ginn. D'EU-Commissairë géife réischt méi spéit designéiert ginn, huet de Luc Frieden ënnerstrach. 

Hansen oder awer Schmit? 

D'Lëtzebuerger CSV-DP-Regierung géif gär de Christophe Hansen als EU-Commissaire op Bréissel schécken. Et bleift onkloer, ob d'Europäesch Sozialdemokraten Drock ausübe fir am Plaz vum CSV-Politiker Hansen den LSAP-Politiker Nicolas Schmit als Commissaire ze nominéieren. 

"Ech decidéieren net ënner Drock"

De Luc Frieden huet sech bei senger Arrivée zu Bréissel net kloer positionéiert. En huet net gesot, datt fir hie just de Christophe Hansen als Lëtzebuerger EU-Commissaire a Fro kënnt. An der Vergaangenheet ware seng Aussoe méi däitlech. Et wier un der Lëtzebuerger Regierung eng Propositioun fir de Poste vum Lëtzebuerger Vertrieder an der EU-Kommissioun ze maachen, esou de Premier haut zu Bréissel.

Hie géif déi Decisioun huelen op Basis vun all deem wat hie géif "gesot kréien, liesen, an am Liicht vun de Resultater bei de leschten Europa- a Chamberwalen". Op d'Fro vun der Lëtzebuerger Press, ob d'europäesch Sozialdemokrate scho bei him intervenéiert wiere fir den Nicolas Schmit ze nominéieren an net de Christophe Hansen, sot de Luc Frieden just: "Et fanne vill Gespréicher statt, et gi vill Wënsch ausgedréckt". 

Grouss europäesch Koalitioun

D'europäesch Chrëschtdemokraten, d'Sozialdemokraten an déi Liberal wëllen an der Suite vun de Resultater vun den Europawale vum 9. Juni zesumme schaffen. Dofir sinn déi dräi Parteie sech am Virfeld vum Sommet eens gi fir déi däitsch Chrëschtdemokratin Ursula Von der Leyen als EU-Kommissiounscheffin ze verlängeren. De portugisesche Sozialist Antonio Costas soll EU-Conseilspresident ginn, an déi liberal Premierministesch aus Estland, d'Kaja Kallas, EU-Aussebeoptragten.

Den EU-Sommet huet offiziell um 15:30 Auer ugefaangen, d’Gespréicher dierften haut nach bis an de spéiden Owend eran daueren, ier et muer viru geet. D’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola hofft, datt den Owend d’Nominatioune fir d’Spëtzeposten feststinn.

Visitt vum ukrainesche President zu Bréissel

De Wolodymyr Selensky war virun der Reunioun vum EU-Sommet zu Bréissel fir en Accord mat der EU z'ënnerschreiwen. Den Accord gesäit een neie Krisemechanismus vir: Sollt Russland bei der aktueller Invasioun och nach Atomwaffen asetzen, dann engagéiert d'EU sech bannent 24 Stonne Konsultatioune mat der Ukraine opzehuelen, zum Beispill iwwer méiglech Waffeliwwerungen. Engem direkte militäresche Bäistand huet d’EU an dësem Accord awer net zougesot. 

 

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik a Gesellschaft