Radioen

On air

Notturno  |  Conor Oberst - Cape Canaveral

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger EU-Deputéiert kommen zu Bréissel un

NO DEN EUROPAWALEN

Lëtzebuerger EU-Deputéiert kommen zu Bréissel un

Am EU-Parlament forméiere sech déi politesch Fraktiounen an d’Gespréicher iwwert méiglech Koalitioune fänken un. Do weist sech: D’Grenzen, déi no riets gezu solle ginn, ginn ënnerschiddlech definéiert. Mir hunn nogefrot, wéi sech déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert positionéieren.

auto_stories

4 min

Plenarsall Europaparlament | © Foto: picture alliance | Daniel Kalker
Foto: Eurpean Union

D’Europäesch Vollekspartei ass de klore Walgewënner. Dat ze betounen gëtt hire Chef, de Manfred Weber, net midd. Genee esou determinéiert fuerdert hien, datt seng Partei d’Presidentin vun der nächster Kommissioun stelle muss. D’Sozialisten an déi Liberal missten hire Support fir d’Ursula von der Leyen elo séier confirméieren, sou de bayreschen CSU-Politiker en Dënschdeg géintiwwer dem radio 100,7.

Marc Angel: Keng Zesummenaarbecht mat ID an EKR

Déi zwee potentiell Koalitiouns-Partner awer bleiwen dobäi: Fir d‘éischt muss d’EVP kloer soen, datt si an déi Majoritéit am Europaparlament keng riets oder rietsextrem Parteie mat ophëlt. Dat heescht, datt fir si eng Zesummenaarbecht mat de Fraktioune vun den Europäesche Konservativen a Reformer (EKR) an der “Identitéit an Demokratie” net a Fro kënnt.

Dat stellt och de Marc Angel, dee genee ewéi an der viregter och an där nächster Legislatur d’LSAP am Europaparlament vertrëtt, kloer.

”Dat kënnt fir eis net a Fro. Do muss ee sech ganz kloer ofgrenzen, an zwar net nëmmen elo, dat éischt Joer, mee duerch déi fënnef Joer erduerch. Dat ass fir eis ganz wichteg. An eis geet et och ëm de Contenu. Ëm dat Soziaalt, wat den Nicolas Schmit onse Spëtzekandidat verkierpert huet.”

De Marc Angel ass genee ewéi déi meescht vun deenen anere Lëtzebuerger Europadeputéierte schonn zu Bréissel present, fir un deenen éischte Sitzungen deelzehuelen.

Fernand Kartheiser: Éischt Sitzung online

Fir den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser war et e Mëttwoch déi éischt Reunioun a sengem Grupp vun den “Europäeschen Konservativen a Reformer”, bei där hien online vu Lëtzebuerg aus dobäi war. Hien ass an engems offiziell där Fraktioun bäigetrueden, wéi hien eis konfirméiert huet.  

De Christophe Hansen kënnt, nodeems hien eng Kéier an der Chamber gedréint huet, fir d’CSV zeréck an d’Europaparlament.

No där éischter Fraktiounssëtzung vun der EVP zu Bréissel schwätzt hie sech fir eng méi kloer Grenz no riets aus, wéi den EVP-Chef Weber.

Christophe Hansen: EKR erfëllt déi eege Konditiounen net

D’Partei misst hir eege Reegel uwennen, sou den Christophe Hansen. Dat heescht, datt ee just mat deenen zesummeschaffe soll, déi pro EU, pro Ukrain, a pro Rechtsstaat sinn. Konditiounen, déi vun de Membere vun der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer, fir déi d’EVP d’Dier bis elo opgelooss huet, net respektéiert ginn, sou den CSV-Politiker.

"Eise Lëtzebuerger ADR-Deputéierten, deen an déi Fraktioun kënnt, ass net pro Ukrain, hien ass éischter pro Putin. Eng polnesch Pis-Partei ass ganz kloer net pro Rechtsstaat an d'Madamm Meloni vun der Fratelli ass zwar hei zu Bréissel géint Russland an ënnerstëtzt Hëllefspake fir d'Ukrain, mee wat si doheem mécht ass, mengen ech, awer net pro Rechtsstaat an do muss ee ganz kloer de Fanger dropleeën. Dofir ass a mengen Ae keng Zesummenaarbecht méiglech."

Déi Gréng sollten dem Christophe Hansen no nieft de Liberalen an de Sozialisten och Deel vun enger grousser pro-europäescher Koalitioun sinn.

Tilly Metz: Green Deal bleift Prioritéit

Dozou wier een ënner bestëmmte Konditioune prett, seet d’Tilly Metz, al an nei EU-Deputéiert vun deene Gréngen.

D’EVP huet allerdéngs nach guer net un déi gréng Dier geklappt. Géife si géint d’Ursula von der Leyen stëmmen, am Fall wou si guer net gefrot ginn, an där Koalitioun mat ze maachen? D’Fro un d’Tilly Metz.

„Eis geet et un éischter Stell ëm den Inhalt. Dat heescht och, datt een d’Blockéiere vermeide muss. Mir hätten elo gären ee sozialen “Green deal”, dee sozial gerecht ass. Dozou misst sech d'Madamm von der Leyen explizitt engagéieren.“

Op deenen Inhalter awer gëtt et deels grouss Differenzen. Dobäi kënnt, datt och déi Gréng eng kloer Grenz no riets zéien.

"Mir ginn net mat an e Boot, wou d’Fraktioun vun der EKR mat dran ass. Dat ass eng aner rout Linn. Dat wier op alle Fall fir mech een absolutten No-Go."

Charles Goerens: Keng Koalitiounspartner vu rietsextremen am liberale Grupp

Dat soen iwwregens och déi Liberal. Allerdéngs si si selwer elo an Holland an enger Koalitioun mat der rietsextremer Fräiheetspartei vum Geert Wilders.

Entspriechend Konsequenzen op europäeschem Niveau goufe bis elo keng gezunn. Déi hollännesch liberal VVD gouf net aus der liberaler Fraktioun Renew ausgeschloss. De Charles Goerens, DP-Europadeputéierten, bedauert dat an hat sech dofir agesat.

"Mäi Standpunkt ass kloer: An der Renew-Fraktioun sollt kee Member vun enger Partei sinn, déi op nationalem Niveau eng Koalitioun mat Riets-Extremen agaange sinn."

D’Majoritéit an der Fraktioun huet dat awer anescht gesinn. Bis op Weideres bleiwen d’Vertrieder vun der VVD Member vum Grupp. Doduerch gëtt d’Fuerderung vun de Liberalen un d’EVP, sech no riets ofzegrenzen, manner credibel.

D’Gespréicher ginn déi nächst Woch virun. Dat nodeems d’Staats a Regierungscheffen e Méindeg den Owend op engem informellen EU-Sommet doriwwer diskutéiert hunn.

Aktualitéit
Europa
Europawalen
International
Politik a Gesellschaft