arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Groussbritannien dierfe 16-Järeger bei den nächste Parlamentswale wielen

Demokratie

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

A Groussbritannien dierfe 16-Järeger bei den nächste Parlamentswale wielen

D‘Erofsetze vum Walalter ass e Verspriechen aus dem Manifest vun der Labour Partei. Labour seet, datt dat déi brittesch Demokratie moderniséiere géif an och dofir suerge géif, datt d‘Leit rëm méi Vertrauen an d‘Politik kréien.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

A Schottland a Wales kënne 16-Järeger schonn zënter e puer Joer bei de Lokal- a Parlamentswale wielen a wann de Walalter elo och fir d'brittescht Parlament erofgesat gëtt, dann ass et am ganze Kinnekräich ugepasst, also iwwerall d’selwecht.

Wann ee schaffe kann, Steiere bezillt an och an d'Arméi ka goen, da soll een och wiele kënnen, fënnt Labour-Partei.

Potentiell 1,5 Millioun nei Wieler

Duerch des Ännerung kéinten ongeféier 1,5 Millioune vun de 16- an 17-Järege bei den nächsten Parlamentswale mat wielen.

Dat ass keng immens grouss Zuel an et geet dofir elo och drëm, Jonker ze sensibiliséieren. Well et ass natierlech net garantéiert, datt déi sech genuch fir Politik intresséiere fir och effektiv vun deem neie Walrecht ze profitéieren.

Déi nächst Parlamentswale si spéitstens 2029. Dat heescht, datt Kanner, déi haut 12 Joer hunn, bei den nächste Walen hiert Kräiz kënne maachen. 

Et kann ee sech elo och op e puer peinlech Reklamme vun de verschiddene Parteie virbereeden, déi lo probéiere bei Jonke besser unzekommen.

Déi Konservativ an d'Rietspopuliste kritiséieren d‘Walrecht mat 16 Joer

Een Deputéierten huet sech gewonnert, firwat d‘Regierung mengt, 16-Järeger kéinte wielen, wa se mol kee Lotteriesticket dierfe kafen, sech net bestueden, Alkohol drénken a sech selwer net an deene Walen opstellen dierfen. D'Rietspopuliste vu Reform UK sinn och dogéint, well si soen, d'Schoule géifen d'Kanner ze vill beaflossen.

Vill Politiker huelen un, datt Jonker d'Labour-Partei wielen. Mee dat ass awer guer net garantéiert. Éischtens kann nach vill geschéie bis et zu neie Wale kënnt, an zweetens muss ee bedenken, datt d'Parteielandschaft vill méi fragmentéiert ass wéi soss. Vill Leit sinn enttäuscht vum Zweeparteiesystem, an deem Labour an d'konservativ Partei dominéieren. D'Labour-Regierung huet an hirem éischte Joer nach net wierklech begeeschtert, a vill Leit riichten hir Blécker elo op Alternative wéi déi Gréng, d‘Liberal Democrats oder Reform UK, eng rietspopulistesch Partei déi och bei jonke Manner gutt ukënnt.

Hürde fir Wielen ze goen, ginn erof gesat

Labour wëllt, datt et méi einfach gëtt, fir d'Leit un d'wielen ze kréien. Sou sollen elo éischt Schrëtt ageleet ginn, fir datt Wieler:innen elo automatesch ugemellt ginn.

Si solle sech lo och mat enger brittescher Bankkaart kënnen am Walbüro ausweisen. D'Reegele fir politesch Spende ginn och méi streng, an zwar kënnen elo just nach Firme spenden, déi e gewëssenen Ëmsaz hei a Groussbritannien maachen. Dat soll eng Amëschung aus dem Ausland verhënneren. Et gouf nämlech gefaart, datt den Elon Musk iwwert Bréifkëschtefirme Spenden un déi rietsradikal Reform UK kéint schécken.

Mee virun allem huet d'Walgesetz awer eng Diskussioun ausgeléist iwwert jonk Bedeelegung an der Politik an wat Parteien elo musse maachen, fir dës nei Demographie ze erreechen an eben och ze representéieren.

play_arrow Lauschteren