Hei zu Lëtzebuerg ass jo nach ëmmer de Sëtz vum Stolkonzern ArcelorMittal.
D'Informatioune kommen aus Gewerkschaftskreesser, sinn awer net vun offizieller Säit aus confirméiert.
Eleng 600 Aarbechtsplaze kéinten op Sitten am Norde vu Frankräich ewechfalen, betraff wier och Florange, just hanner der Grenz.
An der Belsch kéinten nach 140 Plaze gestrach ginn, virun allem um Site vu Gent.
Lëtzebuerg wier iwwerdeems vum Ofbau net betraff. Dat huet de Stefano Araujo vum OGBL eis um Donneschdeg gesot.