arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun: Keng zousätzlech legal Schrëtt géint Ungarn fir elo

NO DROCK VUN EU-LÄNNER AN EU-PARLAMENT

|
headphones

3 min

EU-Kommissioun: Keng zousätzlech legal Schrëtt géint Ungarn fir elo

Trotz dem Drock vu verschiddene Memberlänner an aus dem Europaparlament huet déi Europäesch Kommissioun net wëlles, extra Mesurë géint Ungarn ze huelen, wéinst dem Gesetz, dat Demonstratioune fir LGBTQIA+-Rechter verbitt. Den Drock op Bréissel awer wiisst.

headphones

3 min

CSD an Ungarn am Joer 2021 | © picture alliance / JOKER | Martin Fejer/ est&ost
CSD an Ungarn am Joer 2021 (Foto: picture alliance / JOKER | Martin Fejer/ est&ost)

Et hätt ee seriö Bedenken, wat dat Gesetz ugeet, esou den zoustännegen EU-Kommissär Michael McGrath um Méindegowend op eng Pressekonferenz.

Dowéinst hätt d’Kommissioun géint Ungarn eng juristesch Prozedur lancéiert. Der Demande aus dem Europaparlament, virleefeg Mesuren ze huele, wëllt d’Kommissioun net nokommen an amplaz dovun den Avis vum Procureur an d’Urteel vum Geriicht ofwaarden.

E Méindeg hate 14 EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, een Appell un d’Kommissioun gemaach, legal Schrëtter ze huelen. Op der Reunioun vun den EU-Minister:innen aus de 27 Memberlänner hu sech fënnef weider Länner deem Opruff ugeschloss.

Prozedur géint Ungarn leeft zënter 7 Joer

Zënter 7 Joer huet déi Europäesch Unioun eng Prozedur géint Ungarn lancéiert, an der Haaptsaach well d’Land géint Prinzippie vum Rechtsstaat verstéisst. Déi Prozedur no Artikel 7 vum Traité gëtt och d’Atombomm genannt, well se dat ultimatiivt Mëttel ass, engem Land d’Stëmmrecht an der Unioun ewechzehuelen.

Mee si ass laangwiereg, a wéi der schweedescher Ministerin fir EU-Affäre sot, geet es elo duer.

"Siwe Joer, siwen Hearingen, et kann net esou virugoen", esou d’Jessica Rosencrantz. Wann een elo keng komplett nei Attitude vun der ungarescher Säit geséich, wier et un der Zäit, nächst Schrëtt ze ënnerhuelen.

Ungarn bleift bei senger Positioun

Déi awer ginn elo nom aachten Hearing och net direkt ënnerholl.

Ungarn huet op der Reunioun um Méindeg keng Unzeeche fir ee Sënneswandel ginn. Et géif keen direkte Verbuet vun der Pride zu Budapest ginn, esou den zoustännege Minister Janos Boka, dee sech weider hanner dat Gesetz an anerer gestallt huet.

An der Kritik steet och dat neit ungarescht Gesetz mam Titel “Transparenz vum ëffentleche Liewen”, wat der Regierung nei Moyene gëtt, géint d’Press a kritesch Stëmmen aus der Zivilgesellschaft virzegoen.

Déi Europäesch Kommissioun huet, wat ongewéinlech ass, déi ungaresch Regierung gefrot, nach ier d’Gesetz a Kraaft ass, et zeréckzezéien, well et ee seriöe Broch mam EU-Recht a mat EU-Wäerter duerstellt.

Marc Angel: “EU-Kommissioun muss op der Pride vertruede sinn”

Déi Europäesch Kommissioun steet ënnert der Kritik, well verschiddene Medienartikele no d’EU-Kommissär:innen ugewise goufen, net op d’Pride an Ungarn ze reesen, fir do déi ungaresch Regierung net ze provozéieren.

Dat wier skandaléis, fënnt den Europadeputéierte Marc Angel, deen och ee Bréif un d’Kommissioun geschriwwen huet a sech erwaart, datt d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen elo kloer Zeeche setzt. 

"D’Kommissioun muss ee kloert Zeeche setzen. An net nëmmen andeems een Tweet erausgeschéckt gëtt, datt een dat net gutt fënnt, wat den Orbán mécht, mee dat andeems ee konkreet Aktioune mécht an och dofir suergt, datt d'Kommissioun vertrueden ass op der Budapest Pride."

Hie selwer géif net fir d’Pride op Budapest reesen, esou de Michael McGrath. Dat wier och net dat Wichtegst. Wichteg wier et, datt d’Leit an Ungarn fir hir Rechter kënnen demonstréieren, ouni dobäi a Gefor ze kommen.

Éischte Verbuet vun LGBTQIA+-Manifestatioun wéinst dem ëmstriddene Gesetz

En Dënschdeg huet zu Budapest d’Police ee Marsch vum 1. Juni fir d’Rechter vun der LGBTQIA+-Communautéit verbuede mam Verweis op d’Gesetz, datt d’Weise vun Homosexualitéit als Violatioun vu Kannerrechter ugesäit. Dat weist: Ungarn ass prett, déi Gesetzer ze applizéieren.