arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Angel: Pride zu Budapest ass dëst Joer ee Protestmarsch

LGBQTIA+-Rechter

|
headphones

1 min

headphones

8 min

play_arrow

Marc Angel: Pride zu Budapest ass dëst Joer ee Protestmarsch

D'Pride-Parade muer zu Budapest ass fir den Europadeputéierte Marc Angel dëst Joer éischter ee Protestmarsch, seet hien am 100,7-Interview. Déi riets-konservativ Regierung ënner dem Viktor Orban huet Pride verbueden. Se berifft sech dobäi op d'Verfassungsännerung, no där Versammlunge verbuede ginn, op deenen net-heterosexuell Liewensweise siichtbar gemaach ginn. Stattfanne wäert se trotzdeem.

headphones

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel ass Co-President vum fraktiounsiwwergräifenden LGBTQIA+-Grupp am Europaparlament. | © European Union
Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel ass Co-President vum fraktiounsiwwergräifenden LGBTQIA+-Grupp am Europaparlament. (Foto: European Union)

De Buergermeeschter vu Budapest huet aus der Pride elo ee Gemengenevent gemaach a mengt, datt een doduerch dem Verbuet entgoe kann. Ënner anerem d'Lëtzebuerger Europadeputéiert Marc Angel an Tilly Metz wäerten op der Pride zu Budapest deelhuelen. Et misst ee sech solidaresch mat der ungarescher queerer Communautéit weisen, betount de Marc Angel.

Eng 40 bis 50 Europadeputéiert géifen op der Pride deelhuelen. Haaptsächlech vun de Sozialdemokraten, vun der lénker Fraktioun an der Renew-Fraktioun. Vun der EVP-Fraktioun ass eng Deputéiert dobäi, erkläert de Marc Angel. 

"A mir hunn eis all virgeholl, datt mir natierlech op dee Punkt ginn, wou de Buergermeeschter gesot huet, wou d'Parad géif lassgoen. De Marsch, an dat ass jo dëst Joer éischter e Protestmarsch, fir och eis europäesch Wäerter. Et ass vill méi elo wéi LGBTQIA+, et geet ëm d'europäesch Wäerter, ëm d'Demokratie."

Wien op der Prideparade deelhëlt riskéiert iwwerdeems eng Geldstrof. De Buergermeeschter vu Budapest souguer eng Prisongsstrof.

 

 

play_arrow Lauschteren