arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis zu 200.000 Leit zu Budapest op der Pride Parade

Trotz Warnunge vum Viktor Orbán

|
headphones

1 min

Bis zu 200.000 Leit zu Budapest op der Pride Parade

Zu Budapest an Ungarn waren d‘Leit gëschter um Samschdeg op der Strooss. Bei der Pride Parade fir d‘Rechter vun der LGBTQIA+-Communautéit waren tëschent 100.000 an 200.000 Participanten present. Et war en neie Rekord. Déi lescht Jore sinn ëmmer eng 35.000 Leit mat defiléiert. 

headphones

1 min

Vill Leit also, obwuel déi Parad vun der ungarescher rietser Regierung vum Viktor Orbán verbuede gi war. Si wëllt keng Evenementer, wou Kanner mat net-heterosexuelle Liewensweisen a Beréierung kommen. De Viktor Orbán hat am Virfeld gedreet, datt d‘Participanten an d‘Organisateure vun der Pride misste mat juristesche Konsequenze rechnen. Et bleift ofzewaarden, wat geschitt.