Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3 Gemengen aus dem 3-Länner-Eck ënnerschreiwen eng Deklaratioun géint Grenzkontrollen

Op Intiativ vum Schengener Schäfferot

3 Gemengen aus dem 3-Länner-Eck ënnerschreiwen eng Deklaratioun géint Grenzkontrollen

De Samschdeg de Moien hunn d’Gemengen Opech, Pärel a Schengen zesummen een Zeeche géint d’Grenzkontrollen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg gesat.

auto_stories

1 min

Foto: Ilana Joseph

Text vum Ilana Joseph

D’Gemengeréit an d’Buergermeeschteren vun den 3 Gemengen hunn eng Deklaratioun géint Grenzkontrollen ënnerschriwwen. Dat op Initiativ vum Schengener Schäfferot. D’Kontrolle géifen eng Aschränkung vum Alldag vun Dausende Frontaliere bedeiten, mee net nëmmen dat. Et géif een dat einfacht Zesummeliewen, ewéi akafe goen an d’Nopeschduerf, oder ee besiche goen erschwéieren. Virun allem awer froe sech d’Gemengeréit, wat mat de Wäerter déi d’EU mam Schengenaccord ënnerschriwwen huet geschitt ass. Et wéilt ee keng Grenzkontrollen an engem Fleck vun der EU, deen als Virbildfunktioun déngt, esou de Päreler Buergermeeschter Ralf Uhlenbruch.

"Wir wissen natürlich, was dahintersteckt. Klar, Migration und gegen das Verbrechen, sagen wir mal sich aussprechen, gegen illegale Migration, das ist natürlich nachvollziehbar, aber das kann man auch auf eine bessere Art und Weise machen, als hier in dem symboltrichtigen Raum unserer Region. Heißt an den Außengrenzen und im Landesinneren, aber bitte nicht in der Region, die als Vorbild fungieren will und bei dem der Lebensraum so eng aufeinander abgestimmt ist, wie hier bei uns."

Déi ënnerschriwwen Deklaratioun géif een elo den zoustännegen europäeschen Institutiounen zouschécken an nach eng Kéier dozou appelléieren, d’Grenzkontrollen op een Enn ze bréngen.