arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protestaktioun vun déi gréng géint Aussoe vum Gerard Schockmel

“Ech si Feminist”

|
headphones

1 min

Protestaktioun vun déi gréng géint Aussoe vum Gerard Schockmel

Kuerz virum Ufank vun der Plenière um Dënschdegmëtteg hu sech d’Deputéiert vun déi gréng um Krautmaart versammelt, als Protestaktioun géint déi rezent Aussoe vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel an engem Meenungsartikel iwwer Feminismus am Luxemburger Wort.

headphones

1 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Dofir hunn déi gréng 60 Buttons mam Slogan “Ech si Feminist” drop stoe virun der Chamber un déi aner Deputéiert verdeelt.

D’Joelle Welfring huet dobäi betount, datt d’Deputéiert eng Verantwortung droen a mam gudde Beispill virgoe sollten. Hirer Meenung no, sollten si sech och dozou bekenne, datt Gläichberechtegung ee Mënscherecht ass. Well een hei ee Réckschrëtt géif gesinn, wier et ëmsou méi wichteg, haut een Zeechen ze setzen, esou nach d’Deputéiert vun déi gréng.

D’Joelle Welfring hofft weider, datt d’Chamber de Gender-Audit, dee grad amgaangen ass duerchgefouert ze ginn, sech och verstäerkt op déi politesch Aarbecht an der Chamber auswierkt.

v.l.n.r. Joëlle Welfring, Sam Tanson, Meris Sehovic, Djuna Bernard | © Sophie Schroeder
v.l.n.r. Joëlle Welfring, Sam Tanson, Meris Sehovic, Djuna Bernard (Foto: Sophie Schroeder)