De Minister sot virun den Deputéierte vun der zoustänneger Chamberkommissioun, et wiere weider Strukture geplangt, mee weider Detailer kéint hien dozou nach net ginn. Hie géif weiderhi pro-aktiv op d’Gemengen duergoen, am Plaz e Quotesystem anzeféieren.
Hie kéint sech net virstellen, wéi d’Aféiere vu Quoten op Gemengenniveau soll an der Realitéit ëmgesat ginn, esou den DP-Minister an der Sëtzung.
"Ech wëll och soen, dass och déi lescht Joren dat eigentlech net wierklech e Sujet war. Op d'mannst hunn ech et net matkritt. A mir huet et ganz éierlech och nach een ze erklären, wéi dat dann och wierklech géif fonctionéieren. Well et géif jo näischt bréngen, fir Quoten en place ze setzen. Da misst ee jo och soen, wat ass, wann s de dat net géif respektéieren?!"
Hie wéisst iwwerdeems och net, wéi een domat géif ëmgoen, wann e Schäfferot an enger Gemeng sech net kéint virstellen, eng Struktur opzemaachen. D’Gemengevertrieder wieren dankbar, datt de Minister den Dialog sicht, sou de Max Hahn – a wéi enge Gemenge weider Strukture geplangt sinn, géif hien awer réischt bekannt ginn, wann all d’Autorisatiounen duerch wieren.
Minister wëllt Conditiounen a Strukturen net schéi schwätzen
D’Problematik vun ze wéinege Better géif net just säi Ministère betreffen, huet de Minister weider gemengt. Dofir géif et eng interministeriell Aarbechtsgrupp ginn, fir d’Méiglechkeete fir Beneficiairen op den Aarbechtsmarché ze kréien, ze erweideren, an och Demandeure solle kënne schaffe goen, esou de Max Hahn. Mat enger Aarbechtsplaz kéinten déi Concernéiert d’Strukturen éischter verloossen, a Plaz maache fir déi nächst.
D’Konditiounen an de Strukture selwer wéilt hien net schéi schwätzen.
"A mir hu leider och net de Luxus a meng Virgänger och schonn net, fir Strukture kënnen zouzemaachen, och wann dat vläicht bei där enger oder där anerer envisagéiert war, och schonn am Virfeld. An dat dunn awer net gemaach ginn ass, well d'Alternativ gewiescht wier, dass déi Leit dann op der Strooss gelieft hätten. An do war all Kéiers d‘Decisioun dann ëmmer am Sënn vun all Bett gëtt gebraucht."
Rieds ass ënner anerem vum Centre Don Bosco um Lampertsbierg.
D’Deputéiert sollen iwwerdeems d’Méiglechkeet kréien, sech verschidde Strukture vu bannen ukucken ze goen, sou nach de Minister. An de leschte Woche waren d’Wunnkonditiounen an de Strukture fir Flüchtlingen an Demandeurs d’asile ëffentlech kritiséiert ginn.