Am Aktiounsplang, deen déi viregt Regierung gegrënnt huet an déi aktuell Regierung iwwerschafft huet, sinn 147 Mesurë virgesi fir d’Rechter vun LGBTQIA+-Mënschen ze stäerken an d’Gesellschaft ze sensibiliséieren.
En offiziellt neutraalt Geschlecht
Eng weider Mesure ass d‘Méiglechkeet vun engem neutrale Geschlecht an den Ausweisdokumenter. Déi Mesure riicht sech virun allem un Trans- an Nonbinär-Mënschen. Iwwerdeems soll gepréift ginn, ob et juristesch méiglech ass bei offiziellen Dokumenter generell kee Geschlecht méi unzeginn.
“Dat ass awer net esou einfach wéi et kléngt. Am europäesche Kontext, dat heescht do ass en Aarbechtsgrupp, deen do drop schafft.”
Gläichgeschlechtlech Koppele sollen an Zukunft béid offiziell als Elterendeel kënnen agedroe ginn. Dat bei Leihmutterschafft am Ausland a bei Kanner, wou notamment just ee Partner de biologeschen Elterendeel duerstellt.
Trans-Identitéit weiderhinn als "Krankheet" bezeechent
Net am Aktiounsplang virgesinn ass, datt d’Trans-Identitéit net méi als psychesch Krankheet soll ugesi ginn. Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring bedauert dat, well ee quasi als éischt als onheelbar “krank” misst deklaréiert ginn, ier ee mat enger Hormonersatztherapie kéint ufänken.
D’DP-Ministesch Yuriko Backes huet annoncéiert, datt en Aarbechtsgrupp ënnert der Leedung vun der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez doriwwer diskutéiere soll.
Vun déi gréng, ewéi och vum lénken Deputéierte Marc Baum, an der LSAP-Deputéiert Claire Delcourt huet et no Presentatioun vum Aktiounsplang an der Chamber geheescht, et géif ze vill op Aarbechtsgruppe verwisen - an net genuch ëmgesat ginn.