Am Avis heescht, datt d’Aschreiwen vum Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung eng zousätzlech juristesch Sécherheet géif garantéieren a géif Réckschrëtter bei dësem Grondrecht verhënneren. Dat wier virun allem wichteg wéinst de rezenten Ugrëff op dat Recht a verschiddene Staaten an den USA a well d’Recht op déi fräiwëllegen Ofdreiwung net gutt genuch am Vëlkerrecht geschützt wier.
Den Ament ass d‘Recht op Ofdreiwung duerch e Gesetz gereegelt. Eng einfach Majoritéit géif also duer goe fir dat Gesetz ze änneren.
Duerch eng Verankerung an der Verfassung, bräicht et awer eng Zwee-Drëttel-Majoritéit. Deementspriechend wier d’Recht op Ofdreiwung méi geséchert.
D‘Regierung huet keng definitiv Positioun dozou. An am Koalitiounsaccord ass net virgesinn, d’Ofdreiwung an d‘Constitutioun opzehuelen.