arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Belsch streikt d'Schoulpersonal

wéinst Spuermesuren

|
headphones

1 min

An der Belsch streikt d'Schoulpersonal

An der Wallonie an zu Bréissel sinn d'Schoulen um Méindeg zou oder de Schoulbetrib ass staark perturbéiert. Eng 120.000 Enseignantë streike géint d'Spuermesure vun der Regierung.

headphones

1 min

Klassesall | © Bigstock
Klassesall (Foto: Bigstock)

D'Schoulen, d'Unien an d'Léierpersonal, déi scho schlecht Aarbechtskonditiounen hätten, wiere staark betraff vun deene Mesuren. Dat soen d‘Gewerkschaften. Dofir sinn och Aktiounen a Protestpiquetë viru ville Schoulen an der Belsch geplangt.