Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Resistenz fréier an haut

Fräie Mikro

Resistenz fréier an haut

An Europa mierke mir e Rietsruck. Dei kommend Walen a Frankräich an d’Gefor vun enger rietsextreemer Regierung erënneren eis drun, datt mir och 80 Joer nom Zweete Weltkrich Widderstand musse leeschte géint Ligepropaganda a kämpfe fir Fräiheet, Demokratie an eng sozial Agenda, seet den Historiker Denis Scuto.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Denis Scuto | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Archiv

Eng Rei vu mengen historesche Recherchen hänke mam Zweete Weltkrich zesummen. Eng Zäit iwwert déi de Philosoph a Wëssenschaftshistoriker Alexandre Koyré 1943 Follgendes geschriwwen huet:

"Dag fir Dag, Stonn fir Stonn, Minutt fir Minutt, gëtt d’Welt vu Ligen iwwerschwemmt. Dat geschwate Wuert, dat Geschriwwent, d’Zeitung, de Radio… de ganzen technesche Fortschrëtt gëtt en den Déngscht vun der Lige gestallt."

Am vun den Nazi besate Lëtzebuerg gouf d’Bevëlkerung iwwer all méiglech Kanäl mat enger systematescher Ligepropaganda iwwerschwemmt.

D'Gefor vu Ligen

Enger desastréiser Iwwerschwemmung vu Ligen si mir haut nees ausgesat, awer an eisen Demokratien. An den USA vum fréiere President an aktuelle Presidentschaftskandidat Donald Trump. Am Europa vu rietsextreme Kräften direkt bei a ronderëm eis, zu Lëtzebuerg, an Däitschland, an Éisträich, a Frankräich. An de sougenannte sozial Medien an an der rietspopulistescher Press, wou Lige mam Zil fir Mënschen Angscht ze maachen an se ze verhetze Stonn fir Stonn, Minutt fir Minutt, verbreet ginn.

Iwwerall sinn dës Kräfte leider elektoral um Virmarsch. A Frankräich kommen si an dëse Woche vläicht un d’Muecht.

Vill Forme vu Resistenz

Resistenz dogéint ass och haut wéi am Zweete Weltkrich nees ugesot, net nëmme bei eisem franséischen Noper. An do si mir all gefuerdert. Resistenz geet un am Gespréich mat mengem Vis-à-vis, dee Lige verbreet, an deem ech mat engem kloren “Nee, dat stëmmt net” äntweren.

Resistenz geet weider, andeems ech demokratesch Institutiounen ënnerstëtzen a stäerken, vum Veräin an deem ech mech engagéieren, iwwer déi verschiddenst Parteien a Medien, déi sech fir demokratesch a fräiheetlech Prinzippien asetzen.

Resistenz, andeems ech a menger Strooss, a menger Schoul, op menger Aarbecht, a mengem Véierel mech asetzen a Léisunge siche fir déi Welt an dat Liewen, dat mir eis all wënschen. Wat wëlle mir? Mir wëlle gesond sinn. Mir wëllen eis en normaalt Liewe kënne leeschten. Mir wëllen en Job hunn. Mir wëllen en Daach iwwert dem Kapp. Mir wëllen Zäit hu fir eis, fir eis Kanner, fir eis Famill, fir eis Frënn, doheem, an eisem Véierel, an der Stad, um Land.

Komm mir setzen eis zesummen a fir dat, wat mir all wëllen. Dës elementar Bedürfnisser vum Mënsch, an anere Wierder dës zentral gesellschaftlech a sozial Froe mussen nees amplaz vu Ligen a Bedroungszenarien an de Mëttelpunkt vum ëffentlechen Interesse gestallt ginn. Vamos! 

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.