Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zeréck hannert d‘Dëppen

Fräie Mikro

Zeréck hannert d‘Dëppen

An de soziale Medien, besonnesch op TikTok, ginn traditionell Familljen- a Rollemodeller staark gehyped. Besonnesch opfälleg sinn déi sougenannt 'Tradwives', also traditional housewives. Wou kënnt dat hier, a firwat kann dat problematesch sinn? Domat befaasst sech d’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender.

auto_stories

5 min

Eng Illustratioun wéi an den 1950er Joren déi "perfekt" Famill ausgesinn huet.

Papp, Mamm, Kanner. De Papp geet schaffen, bréngt d’Suen heem an huet bei Decisiounen dat lescht Wuert. D’Mamm këmmert sech ëm de Stot an d’Kanner a mécht aus dem gemeinsamen Haus en Doheem. Dat gëtt an de soziale Medien net just duerch déi sou genannten Tradwives-Beweegung inzenéiert an idealiséiert, mee et gesäit een och vill hetero Koppele bei dësem Trend matmaachen.

Klischeeën aus de 50er Joren

Dëst entsprécht engem Ideal aus de 50er Joren. Net nëmmen d’Aufgabe ware kloer verdeelt, mee och d’Zouschreiwungen, wat et bedeit e Mann oder eng Fra ze sinn, wat den Ideal vu Weiblechkeet a Männlechkeet ass.

Also de Klischee vu staarken, onofhängegen an emotional distanzéierte Männer a vu léiwen, doucen, fügsamen a selbstlose Fraen. Dës Rollen an Identitéitszouschreiwungen engen net just immens an, si stellen och eng kloer Hierarchie hier.

Op TikTok a Co. gëtt versicht, dës Hierarchie ze verschleieren, andeems vu Komplementaritéit opgrond vu biologeschen Ënnerscheeder geschwat gëtt.

Den 'Tradwife'-TikTok-Trend.
Den 'Tradwife'-TikTok-Trend.

Et ass net verwonnerlech, datt dësen Trend och gutt ukënnt bei ville Männer, déi sech opgrond vun enger mangelnder Männeremanzipatioun an hirer Identitéit veronséchert a verluer spieren. Dat ass dach eng einfach a sécher Léisung fir Mënschen, deene Gendervillfalt an insgesamt eng oppen a fräi Gesellschaft Angscht mécht.

Mee virun einfache Léisunge muss ee sech hidden. Si passe gewéinlech net op komplex a villschichteg Situatiounen.

Risike fir Fra a Mann

Dës Koppel- a Familljeninszenéierunge sinn eng Romantiséierung an Idealiséierung vun engem Weltbild, wat vu ville Social Media Notzer:innen onbewosst, awer vun antifeministeschen a rietse Beweegunge ganz bewosst verbreet gëtt.

Zum Enge kënnen déi meescht Famillje sech dëse Modell finanziell net leeschten. Eng Pai geet net duer fir de Liewensënnerhalt vun enger Koppel, a scho guer net vun enger Famill mat Kanner ze finanzéieren.

Zum Anere gëtt ënnerschloen, datt dëse Modell Fraen ofhängeg mécht vun hire Männer. Sollt et zu enger Trennung kommen, steet si ouni Job do, eventuell ouni Beruffserfarung. Op jiddwer Fall awer mat Karriärsënnerbriechung an ausserdeem mat enger Mindestrent, wann de Mann net fir si kotiséiert huet.

Och fir Männer gëtt et hei Nodeeler. Elleng déi finanziell Verantwortung droen a just vu wäitem matkréien, wéi déi eege Kanner opwuessen, ass fir vill Männer net erstriewenswäert.

Rietser, déi sech eng kloer a starr Gesellschaftsuerdnung mat gereegelte Muechtverhältnisser wënschen, profitéiere vun dësem Trend.

D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. | © radio 100,7
D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. (Foto: radio 100,7)

Romantiséierung vum Réckschrëtt

Feministesch Beweegunge kämpfe fir méi Choix, méi Fräiheet, méi Onofhängegkeet. Besonnesch fir Fraen a marginaliséiert Genderen. Et kann och e Choix sinn, sech haaptsächlech ëm onbezuelt Care Aarbecht, also den Haushalt an d’Kannerbetreiung, ze këmmeren. Vu Choix kann een awer just schwätzen, wann d‘Persoun sech bewosst ass, wat d’Konsequenze kënne sinn.

Och ech sinn der Meenung, datt onbezuelte Care Aarbecht muss opgewäert ginn, an datt et muss méiglech sinn, datt Elteren Zäit hu fir sech ëm hir Kanner ze këmmeren. Awer d’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent, hir eege Karriär un de Nol hänkt a sech komplett ofhängeg mécht vun hirem Partner, ka keng Léisung sinn.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.