Radioen

On air

Notturno  |  Art Feynman - All I Can Do

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat vill Reliounen "aus der Zäit gefall" wierken

Fräie Mikro

Firwat vill Reliounen "aus der Zäit gefall" wierken

Den Hugo Stamm huet viru Kuerzem an engem Blog iwwer Sekte vum Schwäizer Onlinemagasinn Watson eng spannend Analys publizéiert, wou hien opweist, wisou vill Reliounen a Sekten antiquéiert sinn an an hirer Existenz bedreet sinn. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt déi Analys ganz treffend fir dat ze verstoen, wat mer déi lescht Wochen erlieft hunn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Fräie Mikro vum Bob Reuter

Den Hugo Stamm behaapt, déi meescht Glawensgemeinschafte wieren hautdesdaags net méi attraktiv, well se veraalt Weltbiller transportéiere géifen an d’Liewenswierklechkeete vun de Mënsche vun haut verkenne géifen.

Dat wichtegst Instrument vu ville Glawensgemeinschafte wier d’Moralkeule, gekoppelt mat der Strategie vu Schold a Bestrofung. Wann dozou och nach ee gewëssen Absolutheetsusproch kéim, da wier dat net just antiquéiert, mee carrement toxesch. Doriwwer eraus géif dat der Indoktrinatioun an der Ënnerwerfung vun de Gleewegen déngen. Dës Inhaltsstoffer géifen hautdesdaags fir vill reliéis Gruppen zur mëttlerer PR-Katastroph féieren. Doduerch géife se, an Zäite wou individuell Fräiheet a Selbstverwierklechung ugesot sinn, un Attraktivitéit a Glafwierdegkeet verléieren.

D'Ursaache leien an der DNA vun de Reliounen

Dowéinst géife vill reliéis Leaderen aus engem faarwegen Dram vu Muecht erwächen a mierken, datt alles verblatzt ass, datt d’Fassad vum Heilsgebäude gebréckelt wier, datt hir Autoritéit als Wiechter vu Moral an Ethik geschmolt wier. Bei der Erfuerschung vun den Ursaache géife si iwwerall sichen, just net do wou d’Grënn ze fanne wieren. Se stiechen nämlech an hirer “DNA” an net beim desinteresséierte Publikum. Et géif un hirer moralistescher Heilslehre leien, un hiren autoritäre Strukturen, hirem Absolutheetsusproch an hirem onrealistesche Jenseitsverspriechen.

An hirer Vergaangenheet gefaangen

Déi puer konkret Beispiller, fir dat wat inherent problematesch un diverse reliéisen, sektären an esoteeresche Beweegungen ass, loossen ech iech am Hugo Stamm sengem Artikel entdecken.

Hie schlussfolgert, datt de Problem bei ville Reliounen doranner bestoe géif, datt se hiert Grondkonzept net modifizéieren an der Liewenswierklechkeet vun de Mënsche vun haut upasse kéinten. Si wieren an hirem Absolutheetsusproch gefaangen a missten hire veraalte Glawensinhalter trei bleiwen. Domat wiere se Gefaangener vun hirem eegene Glawen dee se schlussendlech an d’Bedeitungslosegkeet dreiwe géif. Déi verzweiwelt Retouchen déi se maache géifen, wieren héchstens liewensverlängerend palliativ Moossnamen.

Reliounen déngen net als moralesche Kompass

Opgrond vun dëser pertinenter Analys kann ech mech u sech just wonneren, datt et ëmmer nach Politiker gëtt déi Vertrieder vu Reliounsgemeinschaften “den Haff maachen” an hinnen ënnerstellen, si géifen der Gesellschaft hëllefen hire moralesche Kompass ze definéieren.

Et versteet een awer ganz gutt wisou ëmmer méi Leit de Reliounen de Réck dréien, wa se nees héiere fir wéi eng Wäerter dës eigentlech stinn.

Den Artikel am Schwäizer Onlinemagasinn Watson: Link

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

Lauschterenplay_arrow