Radioen

On air

Notturno  |  Anna B Savage - In Flux

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Allerhellegen, Allerséilen an Halloween

Fräie Mikro

Allerhellegen, Allerséilen an Halloween

D’Blieder un de Beem kréie lues a lues Faarf a falen erof. Den Hierscht ass do. A ronderëm den Hierscht gëtt et och esou munch Traditioun: Blummen um Graf oder e Kürbis virun der viischter Dier. "Anything goes" géif den éisträichesche Philosoph Paul Feyerabend soen. Dozou e puer Iwwerleeungen iwwert d'Hierschtzäit vum Philosoph Jean-Luc Thill.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Nach 10 Deeg, dann ass d'Auer nees richteg gestallt. Et gëtt méi fréi däischter. Grondstëmmung ass den Hierscht. 5 Deeg duerno gedenke mir op en Neits eise Verstuerwenen. De Grond dofir fënnt sech zu Roum am Panthéon, dem Hellegtum vun allen anticke Götter.  Jiddefalls bis 609 de Poopst Bonifatius IV. e Stréch ënnert dat Kapitel zitt an de Panthéon fir eng nei Bestëmmung weit: fir d'Jongfra Maria an allen anere Märtyrer.

Dëst Fest vun allen Hellege soll dann och all Joer gefeiert ginn, woubäi den Dag vum 1. November eréischt gutt 200 Joer méi spéit vum Poopst Grégoire IV. festgeluecht gouf.

D'(Iwwer)liewen am Mëttelpunkt

Wier Allerhellegen eigentlech fir Märtyrer an déi Helleg, also fir déi besser Chrëschte reservéiert, an Allerséile fir déi einfach Gleeweg, sou hu virun allem organisatoresch Grënn dozou gefouert, op deenen zwee Deeg alle verstuerwenen Chrëschten ze gedenken, egal vu wéi enger Kategorie.

Ugangs November ginn déi mëscht vun eis da virun allem un déi eege Vergänglechkeet erënnert. Sou dat nom Gedenken un déi Verstuerwen traditionell un dat eege Liewen an Iwwerliewe geduecht gëtt. Dee Rendez-vous war fréier am Duerfcafé, wou bei enger Partie Keelen oder Kaart déi eegen Existenz erëm schnell am Mëttelpunkt stoung, a meeschtens séier eppes géint den eegenen Duuscht gemaach gouf.

Wien elo freet, firwat dann näischt géint den Honger, dee vergësst, dat dës Wiertschaften eng reng Männersaach waren, et sief dann de Wiert selwer wier eng Fra gewiescht. Dat war fréier. Haut hunn déi eng Dierfer entweder schonns laang kee Café méi oder sinn Allerhellegen an Allerséilen einfach zou.

Et ass ebe méi einfach, a warscheinlech och méi lukrativ, fir d'Leit virun Allerhellegen drun ze erënneren, datt si nach liewen.

Halloween a Kürbissen

Wat d'Amerikaner, wéi och déi aner angelsächseg Länner schonns laang verstan hunn, ass och heiheem zu engem incontournabele Succès vun der Importkultur ginn: Halloween. Déi lokal Clibb a Kulturzentere freeë sech fir den 31. Oktober Baler kënnen ze organiséieren, huet dach d'Jugend vill Zäit, well no Halloween ass virun Allerhellegen, also ee Feierdag, wou een ausschlofe kann.

A wien net wëll erkannt ginn - wéint dem Bal oder aus soss engem Grond - kee Problem: Hei dierf ee schonns am November verkleet higoen. Och d'Kanner, déi d'Fuesent net kënnen ofwaarden, dierfe sech hei schonns emol am Heeschen üben. Ob elo als Anti-Liichtmëssdag oder als logesch Suite vum genausou importéierten Oktoberfestféiwer heiheem: Dat ass Iech iwwerlooss.

Mam Glawen huet dat souwisou scho laang näischt méi ze dinn. An och wann dat kulturell vläicht bis zum Himmel sténkt, sou ass et dach e gutt Beispill firwat Geld schonns zu Zäite vum Panthéon net gestonk huet. Hu mir soss d'Griewer mat Blumme gerecht, sou stinn elo d'Kürbiskäpp op de viischten Dieren.

A war mir fäerdeg sinn, dann ass dat bësse Kultur just nach eng 'cool Tour', an ech froe mech, bp et nieft de Blummen och schonns Kürbissen op eisen Tankstelle gëtt?

Lauschterenplay_arrow