Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat gëtt d'ADR gewielt? 

Fräie Mikro

Firwat gëtt d'ADR gewielt? 

Virun engem Mount si mir wiele gaangen. Zu Lëtzebuerg gouf déi éischte Kéier een ADR-Politiker an d’Europaparlament geschéckt. Firwat gëtt déi Partei gewielt? Déi Fro stellt sech de Michel Pauly, den Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Als Historiker sinn ech besonnesch un der Fro interesséiert, firwat a vu wiem d’ADR iwwerhaapt gewielt gëtt. Hunn dann hir Wieler nach ëmmer net matkritt, datt déi Partei rietsradikal Politiker wéi Viktor Orbán an Donald Trump als Virbiller gesäit an datt hir Kandidaten Nazisymboler op hir Kleeder bitzen oder dem Gauleiter Simon seng Politik am 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg verharmlosen?

Oder wat bréngt si derzou, eng potenziell faschistesch Partei ze wielen?

Aner Parteien an der Flicht

Déi Fro schéngt och déi demokratesch Parteien net ze interesséieren. Bei engem Ronndëschgespréich, dat d’Zäitschrëft forum de 26. Mäerz organiséiert hat, hu si keng seriö Äntwert op d’Fro ginn: Wat maach Dir fir e Rietsruck am EU-Parlament ze verhënneren?

Well et geet net duer, ze äntweren: Wielt eis, da kritt d’ADR keng Stëmmen. All Partei misst sech dach iwwerleeën, firwat et zu Lëtzebuerg Bierger gëtt, déi eng rietspopulistesch Partei wielen. Och an der Etüd Polindex, déi am Optrag vun der Chamber vun de Politologen op der Uni Lëtzebuerg virun de Walen duerchgefouert gouf, fannen ech keng Analys, déi op d’Motiver vun de Wieler géif agoen.

Ech kann déi Aarbecht natierlech hei net maachen, mee villäicht e puer Denkustéiss liwweren.

Dominanz am ländleche Raum

Sou ass mir opgefall, datt déi 25 Gemengen, wou d’ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, all am ländleche Raum leien. Hiert bescht Resultat ass am Kiischpelt mat 20,3 Prozent. Da komme Bäerdref, Wëntger, Bauschelt, Géisdref, mat och iwwer 19 Prozent.

Un engem héijen Auslännerundeel kann et do net leien. Au contraire, a Gemenge wéi Nidderaanwen, Schëtter, Bartreng, Lëtzebuerg oder d’Fiels, an deenen iwwerduerchschnëttlech vill Auslänner wunnen, kënnt d’ADR mol net op 9 Prozent.

Bei der Polindex-Enquête koum iwwregens och eraus, datt net méi 78 Prozent wéi 2015 beim Referendum, mee nach just 50 Prozent vun de Lëtzebuerger géint en Awunnerwalrecht bei de Chamberwale sinn, wéi et dat bei den EU-Wale jo scho gëtt.

Villäicht ass et d’Gefill, leie gelooss ze ginn, dat vill Wieler am ländleche Raum an d’Äerm vun der ADR dreift. Keng Post méi nobäi, keng Gendarmerie méi, schlecht Busverbindungen, an alles muss een um Computer ausfëllen.

Geet et ëm d'Zougehéieregkeetsgefill?

Vill Baueren a Wënzer hunn och ganz kleng Renten a menge wuel, d’ADR wier nach ëmmer d’Partei vun der Rentegerechtegkeet. D’ADR fänkt déi Existenzängscht op, andeems se déi traditionell Liewensweis als typesch Lëtzebuerg verkeeft an domat en Zougehéieregkeetsgefill vermëttelt. Duerch déi Ängschte klëmmt anersäits d’Mësstraue vis-à-vis vun alle Parteien, déi schonn emol an der Regierung waren. 54 Prozent vun de Leit nennen an der Polindex-Enquête Mësstrauen als éischt Gefill, wann ee se op Politik uschwätzt.

Dat sinn e puer vun den Erausfuerderungen, iwwert déi déi demokratesch Parteien onbedéngt missten nodenken. Eng wichteg Aufgab fir dëse Summer. Ech wënschen Iech all eng schéi Vakanz.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.