Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Fräie Mikro

Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Nach ëmmer ginn LGBTIQ+ Persounen a 66 Staate strofrechtlech verfollegt, an 12 Länner drot hinne souguer d’Doudesstrof. An och zu Lëtzebuerg ass Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen nach ëmmer omnipresent. Zu dësem Sujet mécht d’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender sech Gedanken.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Lescht Woch war den Idahobit, den internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen. Deen Dag fënnt zënter 2005 all Joers de 17. Mee statt. Deen Dag am Joer 1990 hat d’WHO decidéiert, Homosexualitéit net méi als Krankheet unzegesinn.

Beim Idahobit geet et ëm wäit méi, wéi ëm korrekt Pronomenennung, genderneutral Toiletten oder diskriminéierungsfräi Sprooch. Et geet ëm all Forme vun Diskriminéierung a Gewalt, deene lesbesch, schwul, bi, trans, inter a queer Persounen dagdeeglech ausgesat sinn – och zu Lëtzebuerg.

Kee soll an dierf diskriminéiert ginn

Dës ginn – och an der Mëtt vun der Gesellschaft – nach ëmmer verharmloost oder souguer negéiert. Een Argument, wat heefeg kënnt, wann et ëm d‘Delegitimiséieren vun der Verteidegung vun LGBTIQ+ Rechter geet, ass, datt dat jo just eng ganz kleng Minoritéit betreffe géif, déi ongerechtfertegterweis enorm vill Raum géif anhuelen. 

Zum enge gi Schätzungen dovun aus, datt 10 Prozent vun der Bevëlkerung zum LGBTIQ+ Spektrum zielen. Dat ass net grad wéineg. Zum aneren ass all eenzel Persoun, där hir Grondrechter net respektéiert ginn, déi net a Fräiheet a Sécherheet an diskriminéierungsfräi ka liewen, eng Persoun ze vill. 

Intersektionale Feminismus

Hei zu Lëtzebuerg setzen sech ënner anerem de Cigale, Rosa Lëtzebuerg, den LEQGF an ITGL fir d’Rechter vun LGBTIQ+ Persounen an. Zum Beispill fir e Verbuet vu medezinesch net noutwennegen Operatiounen un inter Kanner. Oder déi automatesch Unerkennung vu béiden Elterendeeler no der Gebuert vun engem Kand, ouni, datt dëst vun engem Elterendeel adoptéiert gi muss.

Et muss selbstverständlech sinn, datt aner feministesch Organisatiounen sech dëse Fuerderungen uschléissen. 

Feminismus muss intersektional sinn, ënnerschiddlech Privileegien an Diskriminéierungserfarungen zesummendenken. Eis Kämpf hu vill Parallellen a sollten dofir gemeinsam a solidaresch sinn. Et gëtt en direkten Zesummenhang tëscht Sexismus an LGBTIQ+ Feindlechkeet. Ugrëff géint LGBTIQ+ Persoune baséieren heefeg op misogynnen Astellungen, stereotyppen Gendervirstellungen an enger genereller Ofwäertung vu vermeintlecher Weiblechkeet.

Tatta Tom

Ënnert engem rezente Facebook Post vun der Ackerbauschoul iwwert e Besuch mat enger Liesung vun der Dragqueen Tatta Tom, déi d’Zil hat, Schüler*innen vu 7ième a 6ième zu LGBTIQ+ Theemen ze sensibiliséieren, sinn alt erëm sëlleg homophob an LGBTIQ+ feindlech Kommentaren ze liesen. Awer: d’Likes an d’Solidaritéitskommentarer sinn an der Iwwerzuel: Ee wichtegt Signal fir d’LGBTIQ+ Community, mee och fir eis Gesellschaft insgesamt.

Et weist, datt nieft der Zivilgesellschaft an ëffentleche Persounen, och Privatpersounen eng wichteg Roll spillen, wann et drëm geet, demokratesch Wäerter vu Villfalt, Respekt an Antidiskriminéierung ze verteidegen.

Lauschterenplay_arrow