Wéi d’Nouvelle koum, datt de Geriichtshaff vu Stroossbuerg d’Schwäiz verurteelt huet wéinst dem Manktem u Moossname géint de Klimawandel, waren d’Meenungen iwwer d’Auswierkunge vun dem Urteel gedeelt.
Wärend Ëmweltaktivisten an d’Hänn geklappt an dës Decisioun unisono begréisst hunn, koum vun anerer Säit de Virworf, et wier en ideologescht Urteel. Hei géifen d’Riichter Politik maachen an hätten hire Kompetenzberäich verlooss.
Et geet ëm déi global Äerderhëtzung
Woubäi d’Geriicht sech op iwwer 200 Säiten d’Méi gemaach huet seng Decisioun op Basis vum Recht op Liewen ze begrënnen a sech dobäi och op viregt Urteeler beruffe konnt. Esou hat de Geriichtshaff schonn 2003 decidéiert, datt e Staat, dee keng oder net genuch Moossnamen hëlt fir Affer vun Ëmweltschied géint Konsequenzen op hir Gesondheet ze schützen, géint den Artikel 8 vun der Konventioun verstéisst.
Nei bei dem rezenten Urteel ass d’Envergure vun den Auswierkunge vum Klimawandel. Et geet hei net ëm lokal Problemer, wéi e verschmotzte Floss oder e vergëft Grondwaasser, méi ëm déi global Äerderhëtzung, déi Konsequenzen um ganze Planéit huet. Bemierkenswäert ass och, datt d’Geriicht d’Realitéit vum Klimawandel als wëssenschaftlech erwisen ugesäit an dobäi och net vergësst ze erwänen, datt d’Regierunge selwer Rapporte wéi déi vum GIEC (Groupe d’experts intergouvernemental sur l’évolution du climat) net a Fro stellen.
Déi alles entscheedend Fro war also net, ob et de Klimawandel gëtt an op deen negativen Auswierkungen op d’Liewensbedingungen huet, mee ob et e Recht gëtt säi Staat ze verkloen, wann een der Meenung ass, dëse géif net genuch ënnerhuele fir seng Bevëlkerung ze beschützen.
D'Urteel ass net politesch
Dëst Recht gouf elo bestätegt, net fir eenzel Persounen, mee fir Interessensverbänn, déi sech fir Ëmweltschutz an déi entspriechend Moossnamen zur Begrenzung vun der Verschlechterung vun de Liewensbedingungen asetzen. Wuel och aus Selbstschutz géint eng Well vun Eenzelkloen huet de Geriichtshaff also d’Recht ze kloen ageschränkt an et eleng Verbänn wéi de Schwäizer Klimaseniorinnen zougesprach.
Datt dëst Urteel d’Politik an d’Laberente bréngt ass evident, ouni datt d’Urteel u sech awer doduerch politesch gëtt. Soss wär nämlech all Decisioun vum Geriichtshaff als politesch unzegesinn, well et jo ëmmer dorëms geet e Staat ze verkloen an dësen dozou ze bréngen, säi Verhalen ze änneren.
"D’Ofschwäche vun der Klimapolitik ass contraire zu eise Grondrechter"
An Zäite wou eng EU-Kommissioun no Bauereprotester an aus Angscht virun engem Debakel bei de Wale vum Europaparlament hir Klimaschutzmoossnamen ofschwächt a wou och zu Lëtzebuerg déi politesch Verantwortlech d’Noutwendegkeet an d’Drénglechkeet vun déifgräifende Mesuren op d’mannst relativiséieren, huet dëst Urteel e groussen, wann och virun allem symbolesche Wäert.
Klimaschutz als Mënscherecht wäert et Regierungen nach méi schwéier maachen ze rechtfäerdegen, just mat ugezunner Handbrems géint de Klimawandel virzegoen. Well déi Stroossbuerger Riichter hunn eppes festgehalen: d’Ofschwäche vun der Klimapolitik ass contraire zu eise Grondrechter.
Dat dës Conclusioun munch engem aus der Politik net schmaacht läit op der Hand. Mee genee dofir brauche mir eng onofhängeg Justiz, déi der Politik op d’Fangere klappt, wann et néideg ass.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.