Radioen

On air

Simon Says  |  Becky Hill & Chase & Status - Disconnect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deen aneren Investmentfong

Fräie Mikro

Deen aneren Investmentfong

De Kierchefong verwalt zanter der Trennung vu Kierch a Staat de fréiere Kierchefabricken hiert Verméigen. Respektéiert en dobäi och eethesch Krittären? Dës Fro stellt sech de Michel Pauly an sengem Fräie Mikro. 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Michel Pauly beschäftegt sech a sengem Fräie Mikro mam Kierchefong. (Foto: Archiv)

Greenpeace an d’ASTM, déi sech fir eng gerecht Zesummenaarbecht mat de Länner am globale Süden asetzen, hu scho méi dacks dem Lëtzebuerger Pensiounsfong, dem Fonds de compensation, virgeworf, an Entreprisen ze investéieren, déi zur Verschlëmmerung vun der Ekobilanz bäidroen oder déi géint d’Mënscherechter verstoussen. An Tëschenzäit huet de Fong zwar seng Participatioun u Firmen, déi Waffe produzéieren, ofgestouss, mee Entreprisen, déi mat fossillem Brennstoff handelen, nach ëmmer net.

De Kierchefong an de soziale Wunnengsbau

Et gëtt zu Lëtzebuerg nach en anere Fong, dee vill méi rezent kreéiert gouf a vill manner Suen ze verwalten huet, deen awer och eethesch Krittäre wéi déi chrëschtlech Caritas oder d’Erhale vun der Schöpfung, net respektéiert. Ech schwätze vum Kierchefong, deen zanter der Trennung vu Kierch a Staat de fréiere Kierchefabricken hiert Verméige verwalt. 2021 waren dat eppes méi wéi 60 Milliounen Euro. En Deel dervu wollt de Kierchefong an de soziale Wunnengsbau investéieren.

Wéi awer de Logementsministère decidéiert huet, nëmmen nach Projeten ze subsidéieren, déi op d’mannst 40 Joer als sozial Wunnengen ugebuede ginn, huet de Kierchefong seng Projeten annuléiert. Déi wäre mat där aler Lafdauer vun 30 Joer berechent ginn an ënner deenen neie Konditiounen net méi rentabel. Do freet ee sech awer, wiem de Kierchefong déi Wunnengen dann no 30 Joer wéilt verkafen. Firwat sollen déi net nach zéng Joer méi laang oder och ad aeternum fir Leit zur Verfügung stoen, déi sech keng Wunneng um fräie Maart kënne leeschten?

Fotovoltaikanlagen fir Gottes Schöpfung ze erhalen?

Mee nach eng aner Initiativ vum Kierchefong mécht ee stutzeg. En huet anscheinend Wëlles, zesumme mat Enovos op enger Rei Kierchen, déi him gehéieren, Fotovoltaikanlagen op den Dach ze setzen. Dat entsprécht sécher dem Poopst Franziskus senger Opfuerderung, datt och d’Kierch sech muss géint de Klimawandel engagéieren, fir Gottes Schöpfung ze erhalen. Mee zu Schëtter, wou ech wunnen, soll awer net dee ganzen Daach mat Sonnekollekteren zougeluecht ginn, well da géife méi wéi 30 Kilowatt-Peak produzéiert ginn. D’Gesetz gesäit awer vir, datt ee bei enger Produktioun vu méi wéi 30 kWp kee Subsid vum Staat kritt, deen am Moment ëmmerhin 62,5 Prozent vun den Installatiounskäschten ausmécht.

Et schéngt dem Kierchefong net drëm ze goen, seng Kierche fir eng ekologesch Transitioun anzesetzen, fir esou d’Iwwerliewe vun der Mënschheet sécher ze stellen, mee just fir aus der Produktioun vun Elektrizitéit Gewënn ze zéien.
Datt de Kierchefong net soll grouss Defiziter maachen, fir op Dauer kënnen dem Klerus seng Paien ze bezuele, kann ee jo verstoen. Mee am Moment gesäit et esou aus, wéi wann d’Kierch zu Lëtzebuerg wéilt beweisen, datt Jesus Christus sech geiert huet, wéi hie sot, et kënnt een net an engems Gott an dem Mammon déngen.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.