arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rentrée: Eng divers Gesellschaft brauch e villfältege Schoulsystem

Fräie Mikro

|
reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Rentrée: Eng divers Gesellschaft brauch e villfältege Schoulsystem

De sozialen Hannergrond bestëmmt ganz dacks de Bildungsparcours vun engem Kand. Dat ass bekannt. Mee firwat geléngt et eis net, de Schoulsystem méi gerecht ze maachen? Dat freet sech d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe zum Zesummeliewen, am Fräie Mikro.

reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow
Laura Zuccoli | © Jo Diseviscourt
Laura Zuccoli (Foto: Jo Diseviscourt)

Haut fänkt dat neit Schouljoer un. Fir vill Kanner an Elteren eng Erausfuerderung. Bildungsberichter ënnersträichen ëmmer erëm, datt Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg ganz fréi virausbestëmmt sinn an dat haaptsächlech aus Grënn, déi am familiären, sozialen a sproochlechen Ëmfeld vun de Kanner ze siche sinn. Wat leeft schif?

Richteg Liesen a Schreiwen: D'Alphabetiséierungssprooch ass eng wesentlech Viraussetzung

Virum Summer hate mir eng hëtzeg Debatt ronderëm de Projet ALPHA, mat deem eng landeswäit alternativ Alphabetiséierung op Franséisch agefouert gëtt.

Vill Kanner kënnen d'Kenntnisser aus hirer Mammesprooch net op dat Däitscht iwwerdroen. Hir Schoulzäit fänkt dofir an der Reegel mat bedeitende Sproochschwieregkeeten un. D'Beherrsche vun der Alphabetiséierungssprooch ass awer eng wesentlech Viraussetzung fir den Opbau vu korrekte Lies- a Schreiwkompetenzen an domat fir de schouleschen Erfolleg, besonnesch fir Kanner, déi doheem keng vun de Sproochen aus eiser Schoul schwätzen.

Hir Eltere mussen Iwwersetzungsprogrammer um Handy benotze fir d'Kommentare vum Enseignant iwwer d'Aarbechte vun hire Kanner ze verstoen an hu bei allem gudde Wëlle keng Méiglechkeet, fir hinne bei de Sproochenhausaufgaben ze hëllefen.

Eng Realitéit, déi mir Lëtzebuerger eis kaum virstelle kënnen.

De Wee vum sozialen Opstig fräimaachen

D'Hausaufgabe sinn zu engem Katalysator vun den Ongläichheete ginn – Schüler:innen, déi aktiv ënnerstëtzt ginn, hunn Erfolleg, déi aner hu Pech. A wie mengt, dës Problemer mat enger Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch kënnen ze léisen, ass entweder hannerhälteg oder en huet absolut Näischt verstan.

Wa mir d'Potenzial vun all eise Kanner wëllen ausnotzen, da muss eis Schoul virun allem och de Wee vum sozialen Opstig fräimaachen - fir d'Auslänner esou gutt ewéi fir d'Lëtzebuerger.

De Bildungsbericht ënnersträicht, datt an eisem Schoulsystem den Ausbildungsniveau vun den Elteren net nëmmen en däitlechen Afloss op déi schoulesch Qualifikatioun vun de Kanner huet, mee och op d'Warscheinlechkeet, datt si duerno eng héichqualifizéiert Aarbecht fannen.

D'Qualifikatioun ass den Ausgangspunkt fir all zukünfteg Karriär an dofir spillt de Bildungssystem eng entscheedend Roll fir de spéideren Erfolleg um Aarbechtsmaart. Et ass wichteg fir eist Land, d'Ausbildungschance fir Jonker aus méi nidderege sozioekonomesche Kontexter ze verbesseren.

Zuelen, déi Suerge maachen

Mee amplaz de System un d'Realitéit unzepassen, loosse mir e groussen Deel vun eise Kanner hänken a ginn am Ausland op d'Sich no héichqualifizéierten Aarbechtskräften, déi et wéinst der Wunnengskris awer ëmmer méi schwéier hunn, sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen.

De Bildungsbericht hält ausserdeem fest, datt ëmmer manner Schüler am Laf vun hirer Schoulzäit déi erfuerderlech Kompetenzniveauen erreechen. Och hei trëfft et virun allem Schüler aus sozial benodeelegten Haushalter an déi, déi doheem kee Lëtzebuergesch oder Däitsch schwätzen.

Den "Allongement de Cycle", deen all ze dacks a vill ze séier applizéiert gëtt, dréit net wierklech dozou bäi, datt déi betraffe Kanner den Ofstand zu hire Klassekomerode spéider am erwaarten Ausmooss ophuele kënnen.

Am Secondaire huet nëmmen d’Hallschent vun de Schüler de regulären Alter, ronn 24 Prozent hunn ee Joer Retard an 19 Prozent esouguer zwee. Zuelen, déi ze denke ginn, well gewosst ass, datt d'Doubléiere kaum eng Verbesserung mat sech bréngt.

De positiven Effekt vun de Betreiungsstrukturen op déi schoulesch Leeschtunge vun de Kanner gëtt am Bildungsbericht ervirgehuewen.

Mir dinn eis schwéier mat Reformen

D'Effizienz vum ganze System kéint duerch eng anstänneg Koordinatioun tëschent Schoul, Betreiungsstrukturen a Famill wesentlech verbessert ginn, mat strukturéierte Verbindungen tëschent dem Sproochenunterrecht an der Schoul, Sproochen-Aktivitéiten an der Maisons relais a gezielter Hausaufgabenhëllef doheem oder mat Benevollen an engem séchere Kader.

Mee obwuel den Educatiounsministère responsabel ass fir Schoul a Betreiungsstrukturen, gëtt et mol keen eenheetlecht Kommunikatiounsinstrument, dat en onkomplizéierten Austausch vun Informatioune ronderëm d'Kand a mat den Elteren erlaabt.

Mir dinn eis schwéier mat Reformen. Eise Schoulsystem gëtt de sozio-ekonomeschen an demografesche Realitéite vum Land nach ëmmer net gerecht. Vill Kanner gi weiderhin an der Schoul diskriminéiert. Mir produzéieren domat vill kleng Katastrophe fir d'Kanner an hir Elteren, mee och eng grouss Katastroph fir eist Land.

Mir verbëtzen eist mënschlecht Potenzial.

Eng divers Gesellschaft brauch e villfältege Schoulsystem.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren