arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Evaluation oder 'making learning vivisble'?

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Evaluation oder 'making learning vivisble'?

D’lëtzebuergesch Schoul setzt zënter Joren ëmmer méi op formativ Bewäertung a Feedback amplaz op réng Selektioun duerch Notten. Besonnesch am Secondaire stéisst dës Approche awer ëmmer nach un hir Grenzen, mengt de Jean-Luc Thill a sengem Fräie Mikro.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Jean-Luc Thill | © Chris Zeien
Jean-Luc Thill (Foto: Chris Zeien)

Zënter der Ära “Meisch” gëtt an der lëtzebuergescher Bildungspolitik gär vun enger neier “Bewäertungskultur” geschwat. D’Schlësselwuert heescht “formative assessment”, also eng Form vu Bewäertung, déi virun allem dem Léierprozess dénge soll — an net just der Selektioun oder Zertifizéierung.

Feedback amplaz Angscht. Léieren amplaz Selektioun. Entwécklung amplaz Auswennegléieren. Et kléngt modern, mënschlech a bal revolutionär.

"Wéi vill hues de?"

An der Grondschoul funktionéiert dësen Narrativ ganz gutt. Am Secondaire dogéint gëtt d’Saach ëmmer méi zu enger pädagogescher Theaterkuliss: Vir op der Bün gëtt vu Feedback geschwat, hanner dem Rideau regéiert awer nach ëmmer déi al Notte-Logik.

Well um Enn vum Dag zielt net de Feedback. Net d’Remediatioun. Net d’Verbesserung. Net de Léierprozess. Et zielt eng eenzeg Fro: “Wéi vill hues de?”

De Problem ass net emol philosophesch. E steet Schwaarz op Wäiss am Gesetz. Déi formativ Bewäertung däerf am 60-Punkte-System maximal plus oder minus véier Punkte bréngen. Dat sinn 11 Prozent vun der Gesamtnott.

Fir all rationalen Teenager ass domadder kloer: Dat Formatiivt ass dat pädagogescht Dekoratiounsmaterial aus Sëlwer, dat zertifikatiivt mat de Punkten ass Gold.

"30 geet duer"

A genee do gëtt et absurd: Eigentlech misst déi korrigéiert Prüfung dee wäertvollste pedagogesche Moment sinn. Do gesäit de Schüler seng Denkfeeler, seng methodesch Schwächten, seng falsch Argumentatiounen. Do kéint Léieren – am Sënn vum John Hattie –sichtbar gemaach ginn.

Mee amplaz dës Léierphas ze stäerken, gëtt se administrativ amputéiert. No deene ville Remediatiounen a Verbesserunge muss de Schüler d’Prüfung nees ofginn. Mat anere Wierder: Genee dat Dokument, dat de Léierprozess sichtbar mécht, also dat him géif erlaben aus senge Feeler ze léieren, verschwënnt nees am Schaf.

Mat fort geet och de Feedback vum Enseignant, d’Verbesserung, d’Reflexioun – kuerz: déi eigentlech Léierphas. Et verschwënnt also alles dat, wat d’Politik esou gär als “Feedbackkultur” verkeeft: d’Kommentarer vum Proff, d’Verbesserungen, d’Reflexioun, d’Metakognitioun – kuerz: déi eigentlech Léieraarbecht.

Wat bleift? Eng Zuel. “Wéi vill hues du an der Geo?” - “46 op 60.” - “A wat hues de falsch gemaach?” - “Keng Anung. Ass och net wichteg. 30 geet duer.”

Reform mat grotesker Niewewierkung

An esou hu mir am Secondaire eng paradox Situatioun geschaf: Eng Schoul, déi permanent vu Kompetenzen, Reflexioun a Feedback schwätzt, organiséiert sech gläichzäiteg esou, datt déi relevant Léierphase systematesch verschwannen.

Natierlech fannen d'Schüler hir eege Léisung. Si maachen eng Foto vun der Prüfung, oder e Scan. An domadder kënnt direkt déi nächst Ironie: Eng Schoul, déi offiziell esou vill Wäert op Datenschutz leet, provozéiert indirekt, datt privat Smartphone-Archiver vu Prüfungen entstinn.

Eng bal grotesk Niewewierkung vun enger Reform, déi eigentlech “modern” wollt sinn.

D’Wourecht ass vläicht méi banal wéi all Reformdiskurs: Mir hunn zënter der Ära Meisch vill iwwer formativ Bewäertung geschwat, mee de Kär vum System ass dee selwechte bliwwen. D’Punkte si Kinnek.

An eng Nott huet eng fatal Eegenschaft: Si seet vill iwwer Selektioun aus – awer erschreckend wéineg iwwer Léieren.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren