arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Reflexiounen iwwer Krich a Fridden op déi international Philosolympiad

Educatioun

|
reading time

4 min

Mat Reflexiounen iwwer Krich a Fridden op déi international Philosolympiad

Fir vill Jonker ass Philosophie e Schoulfach. Fir d’Africa Matos Lima ass et awer méi wéi dat. Déi jonk Schülerin aus dem Iechternacher Lycée vertrëtt dës Woch Lëtzebuerg op der internationaler Philosophieolympiad zu Warschau.

reading time

4 min

Africa Matos Lima | © Sophie Schroeder
Africa Matos Lima (Foto: Sophie Schroeder)

De Concours riicht sech u Schüler tëschent 17 an 20 Joer a gëtt all Joer an enger anerer Stad organiséiert. 58 Länner aus der ganzer Welt sinn dës Joer dobäi. All Land organiséiert eng Zort nationalen Virentscheed. Der Africa Matos Lima hir Reflexiounen iwwer Fridden a Krich haten déi national Jury iwwerzeegt.

"An der Philo ginn d'Saachen hannerfrot" 

Vu muer un a bis e Sonndeg ass dann a Polen den internationale Concours, wou iwwer 100 jonk Philosophie-Intresséierter zesummekommen. Fir d’Schülerin eng grouss Erfarung. Dat och nach matten an de Preparatioune fir hire Premièresexamen.

Scho mat 14 Joer huet d’Africa Matos Lima sech fir Philosophie interesséiert. Hir Passioun dofir koum eréischt méi spéit am Lycée. Wat si dobäi besonnesch faszinéiert huet, ass dat Liewegt un der Philosophie.

Déi wier manner theoretesch wéi vill aner Schoulfächer. Fir d’Africa ass Philosophie virun allem eng Méiglechkeet, Saachen ze hannerfroen.

"Well normalerweis ass et esou, wéi zum Beispill Mathé, dat ass esou, Punkt fäerdeg. Mir an der Philo ginn d'Saachen hannerfroen. An dat fannen ech am interessantsten." 

D’Iechternacher Premièresschülerin konnt d’Lëtzebuerger Jury, bestoend aus Philosproffen, iwwerzeegen. Bei der nationaler Epreuve huet si missen en zäitlech limitéierten Essay schreiwen.

Iwwer Krich a Fridden nodenken

D’Haaptthema war do dëst Joer: Ass Fridde méi wéi just d’Absence vu Krich?

Hire Gewënner-Essay huet sech mat der Fro beschäftegt, ob et och am Fridden nach Ongläichheete gëtt. Si huet sech ënner anerem op d’Martha Nussbaum, de Platon an den Nelson Mandela bezunn. Fir si ass kloer: Fridden eleng geet net duer, wann d’Grondbedierfnesser vu Mënschen net erfëllt sinn.

"Zum Beispill net jiddereen huet en Haus, net jiddereen huet Accès op d'Educatioun a leider ass dat nach esou eng Wouerecht hautdesdaags. A soulaang déi Besoinen net erfëllt kënne sinn, ginn et nach ëmmer Inegalitéiten." 

D’Philosophieolympiad 2026 ass fir d’Africa net déi éischt Erfarung. Schonn d’lescht Joer hat si matgemaach an déi drëtt Plaz beluecht. Dëst Joer huet si sech virgeholl méi wäit ze kommen – an huet dat dann och gepackt.

© picture alliance / Robert Geiss | Robert Geiss
(Foto: picture alliance / Robert Geiss | Robert Geiss)

Philosophie als Ausgläich zum stressege Léieralldag

Elo geet et also vu muer bis de 17. Mee op Warschau. Thema hei: Fräiheet a Vernonft. Soss vill Detailer iwwer den Oflaf weess si nach net.

Mee dat stéiert si net.

"Ech gi jo net dohinner wéinst dem Präis, mee haut wéinst der Erfarung. Dofir sinn ech och frou, datt mir elo net esou vill Informatioune gesot kruten, well soss ginn ech immens gestresst. Virun allem nach mäi Premièresexamen. Dofir sinn ech am Fong frou, datt ech elo einfach esou e bëssen an d'kaalt Waasser geschmass ginn an da kucken ech do wéi et leeft."

Datt déi international Olympiad grad kuerz virun hire Premièresexame stattfënnt, mécht d’Situatioun net méi einfach. Grad mol e Sonndeg wäert si zeréck sinn – a schonn e Méindeg geet et lass mam éischten Examen an der Sociologie.

Fir d’Africa ass Philosophie awer grad elo och eng Zort Ausgläich.

"Et wier stresseg, géif Philo eng Saach sinn, wou ech mech vill ustrenge misst. Philo ass fir mech e bëssen en Escape. Am Fong denken an deng Meenung einfach soen. Dat heescht, et kéint eng Hëllef sinn, fir den Examen, well ech do e bëssen ofschalte kann an dat maache kann, wat ech gären hunn, an duerno wann ech drëms zeréckkommen, kann ech halt Vollgas gi fir d’Examen."

Nach ass si sech net sécher, wat si no der Première maache wëllt. Ma hir Victoire op der nationaler Philosolympiad hätt hir awer definitiv gewisen, datt si sech och virstelle kéint, Philosophie ze studéieren.