Déi meescht Fäll vu Gewalt ginn der Etüd no vu Schüler:innen aus. Ronn een Drëttel vun de Befroten hunn awer och uginn, Gewalt duerch Elteren erlieft ze hunn. Déi meescht Fäll géifen ouni Konsequenze bleiwen.
Normal e Messer am Rucksak ze hunn
D’Vera Dockendorf, Spriecherin vum Secondaire fir den SEW/OGBL, erkläert wéi Enseignanten ënnerstëtzt musse ginn:
"Enseignanten, déi der Gewalt am Alldag erlieft hunn, déi solle psychologesch ënnerstëtzt ginn, awer och juristesch ënnerstëtzt ginn. An do ass oft, och grad am Lycéeskontext, déi Autonomie vum Lycée, déi Profiléierung, déi mer hunn, kee wëllt schlecht Press, kee wëllt zouginn "Mir hunn hei e Problem domadder".
Esou d’Vera Dockendorf vum SEW/OCGB. Si géifen beispillsweis aus Lycéeën héieren, datt et fir Schüler deelweis normal wier e Messer mat an d'Schoul ze huelen. Et kéint een awer net ufänken e Schëld op d'Dier vun all Klassesall ze hänken, mat "Messeren a esou si verbueden". Dat géif och Gewalt respektiv de Problem do mat no baussen droen. Hei misst de Richtegen Ëmgank an och déi richteg Kommunikatiouns fonnt ginn.
Richtegen Ëmgank mat Gewalt
"Da mierke mer schonn, datt mer eis do Limitte setzen, fir awer e richtegen Ëmgang mam Problem ze fannen a kloer ze kommunizéieren, well déi Reegelen och net fir jiddweree kloer sinn, wat een an d'Schoul matbréngen däerf a wat net."
Den SEW fuerdert weider Ënnerstëtzung vum Léierpersonal vum Educatiounsministère an eng statistesch Erfaassung vu Gewaltdote fir d'Preventioun an d'Handlungsméiglechkeeten ze vereinfachen.
Text: Luca Di Santolo