Déi schrëftlech Epreuvë si wéi gewinnt op zwou Wochen opgedeelt a gi vun enger Woch Vakanz ënnerbrach. Dono kënnt dann de prakteschen, wéi de mëndlechen Deel. Dat wier keen Zoufall, erkläert de Lex Folscheid, Premier Conseiller de Gouvernement am Educatiounsministère.
"Fir de Schüler d'Méiglechkeet ze ginn, kënnen en Deel vun hiren Exame virun der Vakanz ze maachen an dann och d'Preparatiounszäit ze hunn wärend der Vakanz an dann duerno nach eng Rei vun Examen ze hunn."
Dat hätt een an der Vergaangenheet och esou probéiert an dat wier och mat allen Acteuren ofgeschwat, esou de Lex Folscheid weider.
Nei Sektiounen a Fächer
Nei bei de Premièresexamen dëst Joer ass, datt et en Examen am Lëtzebuergesche gëtt. Vereenzelt Schüler kéinten dëse Choix maachen, seet de Marc Michely, Commissaire de Gouvernement.
"De Programm leent sech e bëssen un dat un, wat am Premièresexamen op deenen anere Sproochen eeben och ofgefrot gëtt, an do geet et also wäit iwwer déi funktional Sproochbeherrschung eraus. Kultur, Literatur sinn och Géigestand vum Unterrëcht."
Och op de Sektioune P an R am Classique ginn dëst Joer fir d’éischte Kéier Exame geschriwwen, wat zousätzlech Erausfuerderunge géif mat sech bréngen, esou de Commissaire.
"Dat Éischt ass jo emol ze kucken, wéi sinn d'Resultater grondsätzlech? Wéi si se par Rapport zu deenen anere Sektiounen? Huet een do gréisser Ënnerscheeder? Interessant ass och ze kucken, wéi ass den Zoulaf vu Schüler op deene Sektiounen?"
Dono kéint een da kucken, Upassungen ze maachen, esou de Marc Michely weider.
Et huet ee keng Angscht viru Geknäips
Besonnesch Erausfuerderunge wat d’Fuddelen dank Kënschtlecher Intelligenz ugeet erwaarde sech déi Responsabel am Educatiounsministère iwwerdeems net. De meeschte Schüler wier bewosst, wat um Spill steet, a vill vun hinne wéilte sech selwer eppes beweisen.
Historesch gesi géif am Premièresexamen och souwisou wéineg gefuddelt ginn.