arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘Studentefoire wäert dëst Joer an der Coque um Kierchbierg stattfannen

ACEL

|
reading time

1 min

D‘Studentefoire wäert dëst Joer an der Coque um Kierchbierg stattfannen

D'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin an de Studenteveräin ACEL hu sech dorop gëeenegt. Dat no längeren Diskussiounen, well virun allem d'ACEL net mam Choix vum Site vum Belval averstane war, do wou déi lescht Editioun vun der Studentefoire stattfonnt huet.

reading time

1 min

Déi 40. Editioun, déi den 29. an den 30. Oktober wäert sinn, soll dann och méi breet opgestallt ginn. Wéi et am gemeinsame Schreiwes heescht, wäert nieft de klassesche Stänn vun de Studentencercelen och déi professionell Orientatioun méi Gewiicht kréien.