Wou déi nei Lycéeë sollen hikommen, muss nach decidéiert ginn. Si sollen awer an all de Regioune vum Land gebaut ginn, fir onnéideg Transportweeër ze evitéieren, esou de Claude Meisch.
Käschtepunkt vun 3 Milliarden Euro
Besonnesch am Süde géif et ee grousse Besoin ginn. Do si véier nei Lycéeë geplangt. D‘Regioun Jonglënster soll der zwee bäikréien, awer och am Zentrum, am Éislek, an der Regioun Miersch, am Weste ronderëm Stengefort, an an der Muselgéigend kéim all Kéier een neie Lycée bäi.
Parallel dozou sollen awer och Schoulen ausgebaut ginn, fir schonn direkt op d‘Besoinen ze reagéieren.
De Käschtepunkt soll am Ganze bei ronn 3 Milliarden Euro leien.