Beispillsweis géifen et Brëller oder Ouerestecker ginn, déi een net méi vu baussenn ze erkenne wieren. Iwwer déi kéinten d'Schüler:innen och an den Examen all d'Äntwerte geliwwert kréien, ouni datt een et mierkt.
D'APESS gesäit de Wäert vun ënner anerem de Premièresexamen a Fro gestallt. Si fuerderen, datt dofir manner Tester solle gemaach ginn a méi Orallen. Dat géif zu méi Eierlechkeet féieren, a wier finallemtn den eenzege Wee fir Kanner een Diplom ze ginn, op deen se nach kéinten houfreg sinn, heescht et nach am Communiqué.