Vill vun hiren Avisen, wieren och berécksiichtegt ginn, soe d'Vertriederinnen SEW vum OGBL an SNE vun der CGFP.
36 Stonnen fir neie Léierstoff
Am neie Léierplang fir d'Grondschoul si jo ënner anerem 36 Stonne virgesinn, an deenen d'Sujete wéi nohalteg Entwécklung, Kënschtlech Intelligenz a sexuell a sozial/emotional Erzéiung, behandelt ginn. Dat net als eenzel Fächer, mee a bestoend Coursen integréiert.
Neie Léierplang wier méi iwwersiichtlech
D'Joëlle Damé vum SEW/OGBL ass net der Meenung, datt doduerch vill zousätzlech Aarbecht entsteet. Villes géif souwisou schonn an de meeschte Schoule couvréiert ginn.
"A wat ech hei gesinn ass, datt et einfach nach méi strukturéiert gëtt, datt mer och wierklech sécher sinn, datt all Themefeld an all Schoul ofgeschafft gëtt, also datt ee Kand, wann et de Grondschoul duerchlaf huet, datt et alleguer déi dote Beräicher gesinn huet.”
Béid Gewerkschafte begréissen dann, datt d’Pabeierversioun vum neie Léierplang e gutt Stéck gekierzt gouf an domat méi iwwersiichtlech ass, wéi dat bis elo de Fall war, erkläert d’Vanessa Schedgen, vum SNE vun der Staatsbeamtegewerkschaft.
“Dat heescht mir ginn dovunner aus, dass et effektiv elo en Outil de travail kéint ginn, fir d'Enseignanten, virun allem déi, déi vläit nei am Beruff sinn, mengen ech fannen sech elo mat deem neie Léierplang hei besser erëm wéi mat deem alen.”
Villverspriechend Onlineplattform
Fir de méi detailléierte Léierplang, waart een den Ament nach op eng Onlineplattform. Déi géif zimmlech vill verspriechen. Engersäits weider Outile fir d’Léierpersonal, fir de Fall wou mat deem eng oder aneren Thema méi “Beréierungsängscht” bestinn, esou d’Joëlle Damé.
Dann ass och ee Beräich virgesinn, an deem d’Elteren sech kënnen de Léierplang ukucken. Déi Plattform soll nach virun der Rentrée dem Léierpersonal presentéiert ginn. D’Vanessa Schedgen hofft, datt et net ze knapp gëtt.
“Well mir eben net wëssen, wéini datt déi digital Plattform dann elo wierklech fäerdeg ass. Wéi vill Zäit wäerten d'Enseignanten hunn, fir sech da wierklech domat auserneen ze setzen. Dat wësse mer jo Stand haut am Fong elo nach net esou genee."
Och anert Schoulmaterial géif den Ament nach ausgeschafft ginn.
Genuch Zäit fir d'Léierpersonal
Als Gewerkschaft géif een en Aen drop halen, datt d’Léierpersonal genuch Zäit kritt, sech an alles eran ze schaffen, betount d’Vanessa Schedgen vum SNE. Bis d'Rentrée am September sinn dann och 16 Informatiounsversammlungen uechter d'Land fir d'Léierpersonal virgesinn, esou nach d’Joëlle Damé.