arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi sinn d'Mobbings-Virwërf géint d'uni.lu ze bewäerten? Froen un d'LT-Chefredaktesch

National

|
headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow

Wéi sinn d'Mobbings-Virwërf géint d'uni.lu ze bewäerten? Froen un d'LT-Chefredaktesch

Wat d'Virwërf vun engem toxeschen Aarbechtsklima a Mobbing op der uni.lu ugeet, ass et schwiereg sech e Bild ze maachen. D’Reprochë goufen nämlech anonym gemaach. D’Cordula Schnuer, d'Chefredaktesch vun der Luxembourg Times konnt Temoignagë maachen a gëtt hir Impressiounen zu der Situatioun.

headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow
Cordula Schnuer  | © Maurice Molitor
Cordula Schnuer (Foto: Maurice Molitor )

De Rekter vun der uni.lu, de Jens Kreisel, gesäit d’Situatioun op der Uni net esou, wéi se vu verschiddene Säiten duergestallt gëtt. D’Cordula Schnuer fënnt et interessant, datt et verschidden Instanzen op der Uni ginn, déi d’Salariéeën awer net ëmmer notzen. Beispillsweis den Ombudsbüro oder d’Personaldelegatioun.

"Ech mengen et muss een awer herno kucken, wat fir eng Confiance hunn d'Leit un déi Stellen do? Gi se genotzt? Wa se net genotzt ginn: Firwat net? Well ech mengen et muss ee sech awer och fir déi Leit, déi do concernéiert sinn, fir och un d'Press ze goen (...) Da muss een awer och soen, datt iergendeppes an der Institutioun selwer net ganz richteg leeft."

Probleem schéngt eng Systematik ze hunn

An der Fakultéit vum Droit, der Ekonomie an de Finanze koum et och zu Mobbingvirwërf, an dat net nëmme vun enger Persoun, wéi d’Cordula Schnuer vun den Temoinë matkritt huet.

“Et sinn zéng verschidde Leit, et sinn zéng och ganz verschidden Aarbechtssituatiounen, sief et an der Administratioun, an der Recherche op verschiddenen Niveauen och vun der Hierarchie an ech géif och soen, do kann een dann och net méi wierklech dovunner schwätzen, datt dat komplett zéng isoléiert Fäll sinn. Natierlech, op der Uni schaffe vun 2 .700 Leit.”

Et géif een och eng gewësse Systematik gesinn, wat dat schlecht Aarbechtsklima ugeet, esou nach d’Cordula Schnuer. Dat hätt ee bei den Temoignagen däitlech esou raushéieren.

play_arrow Lauschteren