Als Stad Lëtzebuerg géif een enk mat der Direction regionale zesummeschaffen an et hätt ee Léisungsusätz fir de Problem, seet de Paul Galles.
Fäll vun där Envergure wéi an der Dummeldenger Schoul wieren eng nei Entwécklung, seet de Stater Schoulschäffe Paul Galles. Do hu Schüler aner Schüler, mee och Léierpersonal, aggresséiert. Bei de Kanner, déi anerer aggresséiert hunn, geet et ëm Kanner aus Foyeren. Eng schwiereg Situatioun, wéi de Paul Galles erkläert.
"Dat si Kanner mat traumateschen Erliefnesser, also Kanner an enger Détresse, déi natierlech dann hiert Trauma, hier Détresse och un anerer weiderginn, soudatt herno si alleguerten a Schwieregkeete sinn, also déi aner Kanner aus der Klass, d'Enseignanten, d'Elteren, déi ganz Schoul an esou weider, a mir da mat."
Dräi Léisungsméiglechkeeten
Schonn am Dezember wier hie fir d’éischt op d’Situatioun opmierksam ginn. Zesumme mat der Direction regionale fir d’Schoulen huet d’Stad Lëtzebuerg do enk zesummegeschafft, esou de Paul Galles. Et goufe beispillsweis speziell Enseignantë fir Kanner mat spezifesche Besoine geschéckt. D’Situatioun gouf awer elo nach eng Kéier méi grav an dofir denkt de Paul Galles elo u weider Léisungsusätz. Beispillsweis hätt hie mat de Foyere geschwat fir de Problemer op de Gronn ze goen. Hien nennt och weider Pisten.
"Mir hunn hei als eenzeg Gemeng am Land eng sougenannte Classe de transition. Dat ass esou eppes wéi ee Centre de compétence, wou mer mat Kanner zesummeschaffen. Do ginn Enseignanten hi bei Kanner, déi eebe Systemsprenger sinn, déi e richteg, richteg komplizéierte Liewenslaf hunn. An dat erlaabt eis oft da méi séier wéi bei engem Centre de compétence dann déi Kanner ze betreien."
Do wéilt een och nach eng zweet Struktur opbauen, esou de Paul Galles. Iwwerdeems wéilt ee weider Enseignanten op Dummeldeng schécke fir déi, déi do sinn, ze ënnerstëtzen.
Entwécklung mécht dem Paul Galles Suergen
An anere Schoulen hätt een och mol änlech Problemer wéi zu Dummeldeng. Dat wieren awer Eenzelfäll an awer huet de Paul Galles den Androck, datt Aggressivitéit an de Schoule klëmmt.
"Mäi Gefill seet mir jo. Ech hunn elo keng Zuelen, déi et beleeën. Awer vun deene Fäll, déi mir gemellt kréien, hunn ech den Androck, datt et tatsächlech esou ass. An och dat, wat d'Enseignantë mir soen a wat ech vun de Schoulpresidente gemellt kréien."
Dat kéint och dru leien, datt méi esou Faite géife gemellt ginn, esou de Paul Galles. An awer wier et eng Entwécklung, déi him Suerge mécht.